"Colette a Fernand"Doud vum Colette Wark-Hoffmann mat 88 Joer

Leschte Mëttwoch huet e Stéck Lëtzebuerger Geschicht eis fir ëmmer verlooss.

Am Alter vun 88 Joer ass d'Colette Wark-Hoffmann gestuerwen. Si stoung Joerzéngtelaang mat hirem Mann Fernand op der Bühn als Duo Colette a Fernand.

Colette Hoffmann ass dout (24.05.2015)
Am Alter vun 88 Joer ass d'Colette verstuerwen. Am Duo mat hirem Mann, dem Fernand, wor d'Fra ee Stéck lëtzebuerger Kulturgeschicht.

Si hu sech 1956 kennegeléiert a sinn am Ufank mat däitschen a franséische Lidder opgetrueden, vun 1963 awer och mat Lëtzebuerger Lidder. Een't vun de bekannsten ass wuel de Jangli fiert den Houwald erop, fir deen si 1967 déi gëlle Plack kruten.

Am Laf vun de Joren hunn d'Colette an de Fernand 50 Titelen opgeholl.

Hire leschten Optrëtt hate si de 4. Abrëll 1992 zu Waasserbëlleg, dono hu si sech komplett vun der Bühn zeréck gezunn.

Der Famill vum Colette Wark Hoffmann soe mer eist häerzlechst Bäileed.

Colette a Fernand: Rouse vu Lëtzebuerg



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.