"Eng nei Zäit"Den 1. Trailer ass do!

De Lëtzebuerger Long-Metrage „Eng nei Zäit“ kënnt de 14. Oktober eraus. Déi éischt Bande-Annonce ass elo do an et kann een op alle Fall gespaant sinn.

De Film spillt direkt nom 2. Weltkrich a gedréint gouf virun allem am Norde vum Land.

Filmer iwwert den 2. Weltkrich ginn et der vill, awer ee Sujet, dee weder zu Lëtzebuerg nach am Ausland dacks traitéiert gouf, ass déi sougenannten Nokrichszäit. De Spillfilm „Eng nei Zäit“ vum Christophe Wagner, de Regisseur vum erfollegräiche Long-Metrage „Doudege Wénkel“, beschäftegt sech mat genee dësem Iwwergangsmoment an der Lëtzebuerger Geschicht a werft eng Partie interessant Froen op.

Haaptpersonnage am Film ass de Jules Ternes, gespillt vum Luc Schiltz. Et ass e jonke Lëtzebuerger, deen a Frankräich am Maquis matgekämpft huet a nom Krich a säin Duerf zeréckkënnt. De Jules ass frou fir nees doheem ze sinn an hofft, säin aalt Liewen nees esou weiderféieren ze kënne wéi virdrun. Séier mierkt hien awer, dass dat onméiglech ass ... D’ Situatioun a sengem Heemechtsland ass no 4 Joer Besatzungszäit onstabil an d’Gesellschaft dividéiert.
Och a sengem direkten Ëmfeld hu sech vill Saache verännert. Seng deemoleg Frëndin Léonie ass mat engem neie Mann zesummen a säin ale Beruff kann en net méi ausüben: De Comptable, bei deem e fréier geschafft huet, e Judd, gouf deportéiert. Duerch säi Futur-Schwoer kënnt en an d'Gendarmerie, an do gëtt en an eng Enquête vun engem 5fache Mord verwéckelt.

D’Lëtzebuergesch-belsch Co-Produktioun baséiert op engem reellem Evenement aus dem Joer 1945, dem sougenannte Fall Bernardy, bei deem eng däitsch Bauerefamill bei Ettelbréck op hirem Haff ermuert gouf.

D’Zeenaristin Vivianne Thill huet sech fir dës Geschicht interesséiert an zesumme mam Christophe Wagner eng Fiktioun entwéckelt, déi wéi e Krimi opgebaut ass a gläichzäiteg den historesche Kontext aus där Zäit beliicht. De Film gëtt also mat Spannung verzielt, wéi beim Long-Metrage „Doudege Wénkel“ gëtt eng Enquête gefouert. An engems soll den Zuschauer en differenzéierten Abléck an déi onroueg a komplizéiert Lëtzebuerger Nokrichszäit kréien.

Dat mat enger schéiner Brochette vun Acteuren: Luc Schiltz, Eugénie Anselin, Fabienne Hollwege, André Jung, Jules Werner, Christian Kmiotek, Raoul Schlechter, Elsa Rauchs, Jean-Paul Raths, Frédéric Frenay a Jean-Paul Maes

"Eng nei Zäit": Gespréich mat den Acteuren a mam Realisateur



De Budget vun der Lëtzebuergesch-belsch Co-Produktioun „Eng nei Zäit“ beleeft sech op 3,5 Milliounen Euro. Et ass déi éischte Kéier, dass bei engem Film deen op Lëtzebuergesch gedréint gëtt, auslännescht Kapital mat dran ass. Dowéinst gëtt de Film och op Franséisch doubléiert, fir dem Film eng Chance a franséischsproochege Länner ze ginn.

Méi Informatiounen iwwert de Film fannt dir um Site www.engneizait.lu an och op Facebook.



De Communiqué:

1945. De Jules kënnt aus dem franséische Maquis heem. E wëll säi Liewen erëm opbauen an engem Lëtzebuerg dat no véier Joer Krich zerrappt ass. Awer da gëtt seng Freiesch, mat der däitscher Bauerefamill fir déi se schafft, ermuert. De Jules ass als Hëllefsgendaarm bei der Enquête dobäi. Hee wëllt d’Wourecht wëssen, mee anerer géife léiwer d’Grozonen aus dem Krich ënnert den Teppech kieren.

No 39 Deeg Tournage a bal 10 Méint Post-Produktioun ass dem Christophe Wagner säin zweete Long métrage “Eng nei Zäit” elo fäerdeg a gëtt geschwë virgestallt.

Ier de Film de 14. Oktober an de Kino kënnt, kënnt der elo schonn d’Atmosphäre vum Film an déi éischt Biller um Internet-Site an an engem Teaser op der Adress www.engneizait.lu entdecken.

 

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.