Fotogalerie a Videoen6.500 Visiteuren op der éischter Luxembourg Art Week

Vum 3. bis den 8. November war déi éischt Lëtzebuerger Konschtfoire an der Victor-Hugo-Hal.

E Sonndeg ass déi éischt Luxembourg Art Week op en Enn gaangen. 5.000 Visiteuren hate sech d'Organisateuren erhofft, fir virun allem nei Interessenten unzeschwätzen. Eng 6500 Visiteuren konnte sech iwwer 6 Deeg e Bild vun der zäitgenëssescher Konscht maachen. Just bei de Vente war sech méi erhofft ginn.

Nieft 19 nationalen an internationalen Galerien, déi hir Kënschtler presentéiert hunn, huet den traditionelle Salon vum CAL och en Abléck an d'Konschtschafen zu Lëtzebuerg ginn.

09/11/2015 Luxembourg Art Week - Bilan



Déi zweet Luxembourg Art Week soll 2016 no der Allerhellegevakanz sinn.

De Prix révélation vum Salon CAL war fir de Yann Annicchiarico.


E Vertrieder vun der Galerie Guy Pieters vu Knokke virun engem Wierk vum Wim Delvoye.

Luxembourg Art Week (Reportage: Annick Goerens)



FREIDES-INVITE: Den Alex Reding war virun der Art Week Invité beim Christiane Kremer am Studio.



Ouverture vun der Luxembourg Art Week (04.11.2015)
Vum 3. bis den 8. November ass déi éischt Lëtzebuerger Konschtfoire an der Victor Hugo Hal.


D'Equipe vum Top Thema Magazin huet den Organisateure bei de Virbereedungen iwwer d'Schëller gekuckt.

Luxembourg Art Week (02.11.2015)
Vum 3. bis 8. November ass déi éischt lëtzebuergesch Konschtfoire an der Victor Hugo Hal! 19 international Galerien an 130 Wierker vum CAL ginn ausgestallt.


LINK: All d'Infoen op luxembourgartweek.lu.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.