Lëtzebuerger Buchpräis 2015DreamCatcher, Rasch(t)auer, Anne's Kitchen a Mr Hublot

De Coup de coeur vum Jury war fir de Lambert Schlechter, de Spezialpräis fir "Unter Büchern" an de "Prix pour mérites exceptionnels" fir "Leiner & Czuga".

Am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg dëse Weekend gouf um Donneschdeg den Owend de Lëtzebuerger Buchpräis a 4 Kategorië verginn.

Nodeems e Jury eng Shortlist erstallt hat aus alle Bicher, déi d'Verleeg agereecht haten, war et un de Lieser, online hir Favoritten ze bestëmmen - an de 4 Kategorien "Kanner- a Jugendbuch", "Fiction", "Non-Fiction" an "Beau-Livre" ware jeeweils 4 Bicher an der Course.

An enger Soirée am Festzelt bei den Hale vun de Bicherdeeg, also nieft dem Walfer Footballsterrain, goufen um Donneschdeg den Owend déi Bicher ausgezeechent, déi um Enn déi meeschte Stëmme kritt hunn. Dat waren:

Dream Catcher Volume 3: Music, Film & Dreams vum John Rech an -ND!-Genen bei Editions Schortgen an der Kategorie "Kanner- a Jugendbuch".

Rasch(t)Auer vum Roland Harsch bei Editions Guy Binsfeld an der Kategorie "Fiction".

Anne's Kitchen: Barcelona-Istanbul-Berlin vum Anne Faber bei Editions Schortgen an der Kategorie "Non-Fiction".

The Art of Mr Hublot vun Zeilt Productions bei den Editions Schortgen an der Kategorie "Beau-Livres".

1.924 Leit hate sech um Online-Vote bedeelegt.



Dës Kéier goufen et nieft de Jury-Publikums-Präisser awer och nach 3 extra Präisser:

De Coup de coeur vum Jury war fir "La théorie de l'univers" vum Lambert Schlechter, deem säi Lyrikband awer net op der Shortlist war.

De Prix spécial vum Jury war fir "Unter Büchern: Enthüllungen eines Insiders" vum Sabrina Notka (Editions Guy Binsfeld) fir déi ganz Opmaachung vum Buch.

An de "Prix de la fédération des éditeurs pour mérites exceptionnels" war fir Lucien Czuga a Roger Leiner a fir hiren "Superjemp".

A bei der Präisiwwerreechung huet den Auteuren-Duo och wësse gedoen, datt de "Superjhemp" zréckkënnt - wuel um Pabeier an op der Leinwand!

Duerch den Owend huet d'Marie Gales gefouert.

Am Jury waren: Sandra Forgiarini, Josianne Weber, Laurent Graas, Metty Krings a Jérôme Jaminet.

PDF: Spezialeditioun vum Magazin "Blooks" vun de Bicherediteuren iwwer de Buchpräis.

© lm


Hei d'Shortlist mat de 16 Nominéierte fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2015:

Kanner- a Jugendbuch

"Maximax", Christiane Ehlinger (Imprimerie Centrale)

"De Poli an d'Maisy", Christiane Kremer an Aline Forçain (Kremart)

"Den Emil an d'Hoergänsen", Fabienne Penny-Konen (Imprimerie Centrale)

"Dream Catcher Volume 3: Music, Film & Dreams", John Rech an -ND!-Genen (Editions Schortgen)

Fiction

"Weekend mat Bléck op Fräiheet", Gast Groeber (Op der Lay)

"Rasch(t)Auer", Roland Harsch (Editions Guy Binsfeld)

"Die Andere", Maryse Krier (Editions Saint-Paul)

"Emile - Un enfant des lumières", Claude Schmit (Editions Phi)

Non-Fiction

"Anne's Kitchen: Barcelona-Istanbul-Berlin", Anne Faber (Editions Schortgen)

"The Rise of Luxembourg from Independance to Success", Emile Haag (Editions Saint-Paul)

"Luxemburg im Wandel der Zeiten", Jean Hamilius (Editions Guy Binsfeld)

"Unter Büchern: Enthüllungen eines Insiders", Sabrina Notka (Editions Guy Binsfeld)

Beau-Livre

"Jean de Luxembourg", Stéphane Bern (Editions Saint-Paul)

"Hesper, eng Gemeng am Wandel", Geschichtsfrënn Gemeng Hesper (Editions Gérard Klopp)

"Jangeli Schmalspuerbahn", Jean-Paul Meyer (Editions Gérard Klopp)

"The Art of Mr Hublot", Zeilt Productions (Editions Schortgen)



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.