LiteraturDe Lex Jacoby ass dout

De Matbegrënner vun de Walfer Bicherdeeg ass am Alter vu 85 Joer gestuerwen.

Erënnerungen un de Lex Jacoby (21.11.2015)
Bei de Walfer Bicherdeeg hun sech d'Auteuren an d'Editeuren un de verstuerwene Poet an ee vun de Pappen vun de Bicherdeeg erënnert.

De Lex Jacoby war e groussen Deel vu sengem Liewen zu Klierf Schoulmeeschter. Zanter 1951 huet hien op ville Plaze literaresch matgeschafft, an Die Warte, dem d'Lëtzebuerger Land, de Cahiers luxembourgeois an den nos cahiers. Hien huet d'kulturell Zäitschrëft De Cliärrwer Kanton erausginn, déi 2004 seng 25 Joer gefeiert huet

1952 koum dem Lex Jacoby säin éischt Buch eraus, Die Sehnsucht des Schamanen, eng Sammlung vu Kuerzgeschichten a Gedichter. No zwee Gedichtsbänn op Franséisch huet den Auteur seng Sprooch a säi Genre fonnt; Reesliteratur an Tagebicher op Däitsch.

An engem Communiqué huet och d'Kulturministesch Maggy Nagel un de Lex Jacoby erënnert an hiert Bäileed ausgedréckt.

Communiqué: Disparition de Lex Jacoby - Message de condoléances de la ministre de la Culture
Communiqué par: ministère de la Culture

L’ouverture des Journées du Livre à Walferdange a été assombrie par l’annonce du décès de Lex Jacoby. Le monde culturel luxembourgeois vient de perdre un de ses fidèles. Lui, qui était un des initiateurs de cette manifestation qui nous tient tellement à cœur. 

Lauréat du Prix de la littérature du ministère de l'Education nationale, des Arts et des Sciences en 1957 et du Prix Servais en 1996, il a cultivé la scène littéraire pendant des décennies. Lex Jacoby était non seulement auteur de nombreux poèmes et novelles, mais il a aussi particulièrement marqué les publications et rubriques littéraires. 

En ces moments difficiles je voudrais exprimer, aussi au nom de toute l’équipe du Centre national de littérature, mes condoléances et ma sincère compassion à toute sa famille.