Am Alter vun 61 JoerSchrëftsteller a Museker Jean-Michel Treinen gestuerwen

D'Lëtzebuerger Literatur- a Musekszeen ass am Trauer: Am Alter vun 61 Joer ass um Samschdeg den Auteur Jean-Michel Treinen verscheet.

© Facebook

De Jean-Michel Treinen gouf den 3. August 1954 zu Rëmeleng gebuer.

De Literat, Museker a Komponist hat nom Lycée zu Esch zu Wien a Bonn studéiert an zanter Mëtt de 70er-Joren am Landwirtschaftsministère geschafft.

Bekannt gouf de Jean-Michel Treinen duerch Stécker an Texter fir Theater a Cabaret, mä och duerch seng Text- an Gedichtbänn.

Enn den 80er- Joren huet den Auteur ënnert anerem och un den Zeenarioe vum Andy Bausch senge Filmer matgeschafft.

Den Auteur war och bekannt wéinst senger spatzer, pointéierter Fieder, huet och satiresch Artikele fir d'Wochenzeitung Land an de Feierkrop geschriwwen.

De Chefredakter vum Land, Romain Hilgert, deen de Verstuerwenen och privat gutt kannt huet, sot am RTL-Interview, hie wier besonnesch vun der onheemlecher Energie, fir alles unzepaken a kreativ ze sinn, vum Jean-Michel Treinen beandrockt gewiescht. Hie wier einfach net ze bremse gewiescht an hat eng grouss Gamm vun Interessen.

Romain Hilgert iwwer Jean-Michel Treinen



Gérard Valérius iwwer Jean-Michel Treinen



De Radio-Nolauschterer war de Jean-Michel Treinen en Numm, wëll hien och bei den RTL-Emissiounen Déckkäpp a 5 vir 12 matgewierkt huet.

De Jean-Michel Treinen iwwer Sondagen



De Jean-Michel Treinen iwwer ënnerierdesch Zuchgare (5vir12)



De ganz aktiven Auteur huet och fir d'Scène Libre an d'Lëtzebuerger Kabaretsentente Texter verfaasst.

Wierker vum Treinen sinn ë.a. "Angscht virum Groussen Tunn", "wou d'wäiss mais schlittschung fueren" oder och "De Jhoss an de Fred op der Mauer".

De Rëmelenger war och musikalesch ganz aktiv an huet Saxophon a Klarinett gespillt. Zweemol huet hien och d'Musek fir d'Freedefeier op Nationalfeierdag komponéiert.

Do dernieft waren et och musikalesch Zësummenaarbechte mam Gollo Steffen an dem Claudine Muno.

Der Famill vum Jean-Michel Treinen, speziell senger Fra a sengen zwee Kanner, vun dëser Plaz eist opriichtegt Bäileed.

Noruff vum Serge Tonnar

Moie Misch,

"Äddi Misch" wëll mer net sou richteg iwwert d'Lëpsen. "Moien Misch" kléngt dach vill besser. An et passt och besser. Bei Dech a bei Däi Witz. Well mir jo "Moien Misch" soen, do wou de Fransous "mon oeil" seet. A wann ech héieren "Den Treinens Misch ass dout", da soen ech léiwer "Moien Misch". Och well den "Äddi Misch", deen een sou um Radio héiert, sou platt an onperséinlech kléngt. Si hätte besser aus Dengen Texter ze zitéieren, wéi eis ze zielen dass Du och emol bei den Déckkäpp derbäi waars, en Déifpunkt an Denger an en Héichpunkt an den Déckkäpp hirer Carrière ;-) Meng Carrière am Theater huet direkt mat Dir ugefaangen, virun 20 Joer, mam "Mäcbess", deen s Du esou grandios an d'Lëtzebuergescht gesat hues. 2010 hues De fir mech dem Nick Hornby säi Monolog "Nipple Jesus" iwwersat, an nach leschte Summer hat ech d'Éier an Dengem Wikingerepos "Kveldulf" matzewierken. A grousser Erënnerung bleift mer och Däin Text "De wëlle Menn", dee mer zesumme mam Thierry van Werveke an taboola rasa a Musek ëmgesat hunn, a wous Du och nach deen onheemlechste Saxophonsolo aus der lëtzebuerger Rockgeschicht drop gekatzt hues. Deng Sprooch ass dat säftegst an deftegst wat hei zu Lëtzebuerg op d'Blat komm ass. Du waars e Rocker am Häerz, e Beamten am Dag an e Genie am Schreiwen. Du waars esou ontypesch fir Lëtzebuerg an dach nëmmen hei méiglech. An mir sinn dankbar, mir soen "Merci Misch", Merci, dass Du hei an elo geschriwwen hues, dass Du decidéiert hues hei ze bleiwen an ze schreiwen. Du gehéiers zu der kultureller Resistenz, well s Du mat Dengem enormen Talent an engem grousse Land e gutt bezuelte Star gewiescht wärs, an awer hei geschafft hues an, souzesoen nieweberufflech, Meeschterwierker op d'Blat bruecht hues. Ouni des idealistesch Astellung vun e puer Wéinegen géif et eis Kultur iwwerhaapt net ginn. An dofir schwätzen ech elo och net gär vun engem grousse Verloscht deen Däin Doud ass, mee vum grousse Gewënn deen Däi Liewen fir eis war a bleift. Wat ech vermësse wäert, ass Däin näischnotzegt Optrieden, wou een ëmmer gespuert huet "elo kënnt nees eng", an ee sech awer ëmmer gefrot huet wat fir eng Onwahrscheinlechkeet sech elo nees hannert Denger Stir ofspillt, hannert deem Brëll, deen een Der am léifsten ausgedoen a selwer gebotzt hätt. Aus dem Genie ass elo en Jinni ginn, wéi en am Koran virkënnt, deen s Du geschat an iwwersat hues, e Geescht an der spiritueller Welt, deen eis vun Zäit zu Zäit e kräftege Fouss an de Aasch wäert verpassen, awer een deen eis oprappt an eis Mutt a Loscht mécht op Neits.

Serge Tonnar.



Är Condoleancen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.