RIPSchrëftsteller a Publizist Guy Wagner gestuerwen

Am Alter vun 78 Joer ass de Lëtzebuerger Schrëftsteller, Lycéesproff a Publizist Guy Wagner gestuerwen.

© RTL (Archiv)
Hien ass den 20. Abrëll 1938 an der Stad op d'Welt komm, no sengen Etude war hie Proff an de Lycéeën zu Péiteng, Gréiwemaacher, Stad an zu Esch.

De Guy Wagner huet d'Kulturliewen op villerlee Manéieren zu Lëtzebuerg markéiert: als Kreativen an als Organisateur.
Hie war tëscht 1985 an 1992 Direkter vum Escher Theater

Als Schrëftsteller huet hie Poesie geschriwwen, Theaterstécker an och ëmmer nees Biographien, deels als Sachbuch wéi iwwer den gricheschen Museker Mikis Theodorakis oder als Roman wéi "Winterreise" iwwer de Schubert oder "Nochmals hoffend" iwwer de Paul Klee.

Zum Theodorakis hat hien eng ganz frëndschaftlech Relatioun, e puer Mol war de Komponist an Auteur vum weltberühmten Stéck "Alexis Zorbas" zu Lëtzebuerg. D'lescht Joer fir den 90te Gebuertsdag vu sengem Frënd, huet eis de Guy Wagner nach en Interview ginn.

Guy Wagner iwwer Theodorakis



Nieft eegene Stécker huet de Guy Wagner awer vrun allem Samuel Beckett iwwersat, wat och sproochlech eng grouss Erausfuerderung fir hie war, dat sot en 2006 an engem Interview bei eis.

Guy Wagner iwwer Beckett



De Guy Wagner huet dobäi bewisen, wéi ee konnt mat Sprooch ëmzegoen, woubäi en och nei Wierder kréiert huet. Dat huet en ausgezeechent, sou d'Nicole Sahl aus dem Literaturarchiv vu Miersch.

Extrait Nicole Sahl



An der kultureller Verantwortung war de Guy Wagner tëscht 1985 an 1992 als Theaterdirekter zu Esch. Den aktuellen Direkter Charel Muller, dee mam Guy Wagner un de Beckett- Produktioune geschafft huet, erënnert sech gär.

Extrait Charel Muller



De Guy Wagner war ausserdeem Co-Fondateur vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband a vun der Summerakademie CEPA. Als Kultur-Journalist huet e quasi bis zum Schluss an der tageblatt-Beilag "Kulturissimo" aneren Auteuren zu verschiddenen Themen eng Stëmm ginn.

Tëscht 92 bis zur Demissioun 94 war de Guy Wagner och Coordinateur fir d'Europäescht Kulturhaaptstadt. Hien war ëmmer en engagéierte Mënsch, dee gäre geschafft, awer och diskutéiert huet.

Guy Wagner iwwer Engagement



Guy Wagner war den 14. Abrëll 2006 Freides Invité um Radio



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.