"Chroniques sur l'an 40"Buch iwwer d'Juddeverfolgung zu Lëtzebuerg vum Denis Scuto

Den Denis Scuto huet en Donneschdeg säi Buch "Chroniques sur l'an 40. Les autorités luxembourgeoises et le sort des juifs persécutés" virgestallt.

© RTL Archivbild
Wéi eng Roll hunn déi lëtzebuergesch Autoritéite bei der Juddeverfolgung während der Nazi-Occupatioun an, an der Nokrichszäit gespillt? Dëse Froen hëlt sech den Historiker Denis Scuto a sengem Buch mam Titel „Chroniques sur l'an 40. Les autorités luxembourgeoises et le sort des juifs persécutés“ un.

Buchvirstellung vum Denis Scuto / Reportage Ben Eich



D'Buch, dat vun der „Fondatioun Robert Krieps“ publizéiert gëtt, ass en Donneschdeg virgestallt ginn an ass eng Sammlung vu Chroniken an Artikelen, déi den Unis-Professer fir d'lëtzebuergesch Zäitgeschicht zanter 2013 fir d'Tageblatt geschriwwen huet. Ustouss zu de Fuerschunge vum Denis Scuto huet ënner anerem och dem Vincent Artuso säin 2015 publizéierte Rapport zu der Roll vun der lëtzebuergescher Verwaltungskommissioun an der antisemitescher Politik vun 1940 – 1944/45 ginn.

An d'Opschaffe vun där Thematik ass laang iwwerfälleg, sot den Denis Scuto bei der Buchvirstellung, och wann hien, d'selwecht wéi anerer, déi sech mam Sujet beschäftegen, bei senge Recherchen nach dacks op Widderstand géif stoussen. A senge Chronike geet et dem Historiker an éischter Ligne dorëms Froen opzewerfen.

© RTL Archivbild


Doriwwer eraus geet et dem Historiker och dorëms d'Erkenntnisser an d'Ëffentlechkeet ze transportéieren, fir domat zu der ëffentlecher Memoire bäizedroen.

Während de Recherchen huet den Historiker och ëmmer rëm gemierkt, dass d'Diskussiounen ëm de Sujet vill Leit animéiert hunn, Eenzelschicksaler ze erzielen.

Iwwerdeems geet den Zäithistoriker dovun aus, dass d'Thematik an Zukunft méi staark wäert diskutéiert an traitéiert ginn, och well 2015 eng ganz rëtsch Gestapo-Dokumenter am Militärarchiv zu Vincennes opgetaucht sinn, déi sech ënner anerem och op Lëtzebuerg bezéien an de Moment vun der Uni Tréier ausgewäert ginn.

D'Buch gëtt et fir 30 Euro an alle Librairien oder bei der „Fondatioun Robert Krieps“ selwer.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.