Kollektiv Richtung 22Kulturassisen ee Fake, richteg Kultur gëtt net gefërdert
Dat soen déi jonk Leit vum Kollektiv Richtung 22. Déi haten op eng Pressekonferenz invitéiert, fir ze protestéieren.
Richtung22/Reportage Nico Graf |
Ok. An duerfir gouf et e bëssen - hoffentlech express schlechten - Cabaret. "Mir wëllen de Sujet vun der Konscht fir dës Assisen elo vum Häerz aus ugoen. Lëtzebuerg huet eng Konschtzeen! An dat muss mol gesot ginn!!"
Richtung 22 (29.06.2016)
Kulturassisen ee Fake, richteg Kultur gëtt net gefërdert, sou de Kollektiv.Jo, jo, soen déi vum Kollektiv Richtung 22, mä se ass schrecklech etabléiert: entweder dobaussen akaaft, al an arrivéiert oder rockhal-mainstream. Jonk Leit ginn ausgeschloss. Institutioune kréie Suen, fräischaffend Kënschtler net. Et géif een dat bei Richtung 22 selwer spieren. Et wier schwéier als onofhängegt Kollektiv eng Zukunft ze fannen.
Quitte datt awer genuch Geld a bestëmmte Zeenen ënnerwee wier: Am Filmsekter kéint een u Filmer schaffen, wann ee sech un dat upasst, wat grad gemaach gëtt. Fir eppes wierklech Neies wier et schwéier u Suen erunzekommen. Et misst een also d'office eppes maachen, wat de Staat veréiert. Et kéint een net dat maachen, wat engem an de Sënn kënnt.
Kuerz an, nu jee, gutt: Richtung 22 wëll Stipendien, soe se, wëll och Geld vum Staat, also vum Panama-Arendt, fir onofhängeg a kritesch a kreativ schaffen ze kënnen. Hm.
A jo: Richtung 22 heescht Directioun 22. Joerhonnert. Wou och anscheinend ouni Goss näischt lass ass, an der jonker Konscht.

Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.