Nummer 1Online-Kräizwuerträtsel ganz op Lëtzebuergesch

Endlech Congé? Endlech Vakanz? Gutt relax op der Plage ... a wat elo? Wéi wier et mat engem klengen Online-Kreuzworträtsel (KWR) op Lëtzebuergesch?



Zesumme mam Linguist Jérôme Lulling proposéiert Iech RTL déi nächst 4 Wochen ëmmer donneschdes e KWR, dat Dir gemittlech op Ärem Smartphone, Tablet oder Laptop kënnt léisen.

Test Äert Wëssen a Beräicher wéi Kultur, Sport, Politik, Geschicht, Theologie, Geographie oder Philosophie. Mä och Froen iwwert eis Sprooch gëllt et ze léisen.

Mir si gespaant op Är Reaktiounen. Vill Freed beim Léisen.

Dir wëllt d'Rätsel maachen? Klickt hei an Dir gesitt et grouss um Computer, Smartphone, Tablet ...

Zënter 1999 gëtt de Jérôme Lulling lo scho Lëtzebuergesch-Coursen an huet dobäi ëmmer probéiert, déi nei Technologien an den Déngscht vun eiser Sprooch ze stellen, fir senge Schüler sou ze hëllefen.

Hei eng kleng Lëscht vu Projeten, un deenen hie bis lo geschafft huet:

-2001: Spellchecker op Lëtzebuergesch (Datebank fir deen éischte Spellchecker fir d'Lëtzebuergescht)
-2002: Thèse de doctorat sur la créativité lexicale en luxembourgeois
-2003: Online-Dictionnaire www.Luxdico.com
-2004: Publicatioun vum Buch Luxdico lëtzebuergesch <> frans. (Editions Schortgen)
-2005: Microsoft op Lëtzebuergesch
-2006: Collaboratioun mam LOD.lu
-2007: gratis Broschür Lëtzebuergesch léiere mat Mp3 (www.vdl.lu)
-2008: Bonjour.lu = Video-Lektiounen op Youtube a www.Youmake.TV
-2009: Publikatioun vum Buch LuxDVD lëtz > frans
-2009: Luxdico lëtz <> däitsch
-2010: LuxDVD lëtz > engl, lëtz > russesch, lëtz > portugisesch
-2011: Publicatioun vum Buch Luxdico lëtz < > englesch
-2012: 170 Witzer op Lëtzebuergesch (mat Traductioun)
-2013: Lëtzebuergesch léieren (D'Audio-Dateie vun der LuxDVD am itunes, google play store, amazon mp3)
-2014: Publikatioun vum Buch Verbentabellen op Lëtzebuergesch (Editions Delarosa)
-2015: audio Dictionnaire frans > lëtzbg (itunes, google play store)
-2016: audio Dictionnaire däitsch > lëtzbg (itunes, google play store)



D'Iddi fir mat Kreuzworträtselen an de Coursen ze schaffen, déi hat de Jérôme Lulling scho méi laang. Et gëtt och eng Rei vu gratis Programmer, mat deenen ee ganz einfach sou kleng Kreuzworträtsele ka generéieren. Dat sinn déi sougenannt amerikanesch Kreuzworträtselen, wou d'Froen nummeréiert sinn an ausserhalb vum Gitter stinn.

Ma d'Zil war et, e Kreuzworträtsel op Lëtzebuergesch ze entwéckelen, wou d'Froe matten am Gitter stinn, ee sougenanntent Schwederätsel also. An dat ass vill méi komplex, wéi et ausgesäit.

Do brauch ee fir d'éischt emol eng zimlech grouss Datebank mat Froen an Äntwerten an dono ee Programm, deen engem déi Datebank dann a verschidde Kreuzworträtselen ëmrechent.

An der Datebank vum Jérôme Lulling sti fir den Ament eng 4.400 Froen iwwer d'Allgemengwëssen, also Froen iwwer national an international Theme wéi Geographie, Geschicht, Politik, Konscht (Film, Buch, Musek, Theater), Theologie, Philosophie, Sport asw.

An dann och nach eemol zirka 3.000 Froen iwwert eis Sprooch, z.B.:

- de Perfekt vu Verbformen: bauen > gebaut
- de Pluriel vun de Substantiver: Auto > Autoen
- Synonymer: Kapp > Bëls, exakt > genee
- Géigendeeler: staark > schwaach
- Nimm vu Lëtzebuerger Gemengen: Iechternach
- Ofkierzung vu Lycéeën an Associatiounen: Lycée Hubert Clement Esch > LHCE
- Iwwersetzungen: lb - engl: Himmel > sky , lb - frans: Péng > douleur
(lb = lëtzebuergesch, déi Ofk. an net z.B. lux gouf gewielt, well am Wuert "lëtzebuergesch" jo keen x dran ass)

Alles an allem also bal 7.400 Froen, deenen hir Äntwerten da sou gekräizt ginn, datt een e komplett 100% Online-Kreuzworträtsel op Lëtzebuergesch kritt mat Léisungswuert.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.