Richtung 22"Onkritiséiert Knaschtereien aus Lëtzebuerg"

Am 3. Theaterstéck vun der Serie “Onkritiséiert Knaschtereien aus Lëtzebuerg mat globalem Impakt” huelen d'Schauspiller op en Neits kee Blat virun de Mond.

© Claudia Kollwelter/RTL
Ob mat provokanten Titele vun Theaterstécker, Affichen, déi verschidde Politiker net gefalen oder enger Kräidaktioun virun der Philharmonie, déi zu engem Prozess gefouert huet, den Theaterkollektiv Richtung 22 deet ëmmer nees vu sech schwätzen. Am drëtten Theaterstéck vun der Serie “Onkritiséiert Knaschtereien aus Lëtzebuerg mat globalem Impakt” huelen déi jonk Schauspiller op en Neits kee Blat virun de Mond a kucken zesumme mam Land an d’Stären.

Theaterstéck Richtung 22: E Reportage vum Claudia Kollwelter


 
Nom Freeport am Nationbranding stoung den Theatre du Centaure dës Kéier ganz am Zeeche vum Space-Mining.  D’Musek, déi am Hannergrond leeft, an d'Galaxien op enger Leinwand bréngen ee schonn a Stëmmung, ier d’Schauspiller iwwerhaapt op der Bühn stinn.

De Spectateur gëtt matgeholl op eng kleng Rees duerch Zäit.  Mir schreiwen d’Joer 1967, de Weltraumvertrag gëtt vun de Vereenten Natiounen ënnerschriwwen. Festgehale gouf hei, datt keen eenzele Staat en Himmelskierper fir sech an Usproch huele kann an de Weltraum nëmme fir friddlech Zwecker genotzt ka ginn.

Séier spréngt d’Stéck dann erëm iwwer an d’Aktualitéit vun haut: an do geet et natierlech ëm Suen an d’Fro, wéi déi grouss amerikanesch Konzerner e Wee laanscht de Vertrag fannen an Zougang zum Weltall, an domat zu nach méi Suen. Wee kéim do besser a Fro wéi Lëtzebuerg als "hannerhältegt d’Stéck Schäiss", wou Stempelen an Ofstempele vun Dokumenter Haaptbeschäftegung ass, wou et keng Steieren, an keng Kontroll gëtt, well dach souwisou net genuch Leit do sinn, fir dës uerdentlech duerchzeféieren. Lo feelt just nach déi richteg Persoun vu Lëtzebuerg, déi et ze iwwerzeegen gëllt: Eise geldgäile Wirtschaftsminister kënnt do wéi geruff!

Wuertspiller, wéi de Verglach vu grousse Weltraumagencë mat Startrek, Starbucks oder Starwars an och Kostümer a Musek aus de Starwars-Filmer ënnerbriechen oder ënnersträichen d’Monologen an d’Dialogen op der Bühn.

Ob Zitater vu Politiker, Texter aus Communiquéen, Interviewen, Pressekonferenzen oder Twitter-Accounten – u Material feelt et dem Kollektiv wéi ëmmer net.

An do weist sech alt erëm, datt déi jonk Schauspiller näischt erfannen, mä d’Realitéit mat spatzer Zong kommentéieren.

D’Parodien, d’Kostümer, d’Mimik an d’Gesten ënnerstëtzen d’dokumentaresch Aarbecht vum Kollektiv, déi, dat muss een awer einfach soen, éischter amateurhaft ass. An dach geléngt et Richtung 22 op en Neits politesch, aktuell Themen kritesch z’analyséieren an op d’Schëpp ze huelen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.