Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte9 Projete presentéiert
A Präsenz vun der Grande-Duchesse Maria Teresa an dem Staatsminister Xavier Bettel sinn déi 9 Projeten e Freideg virgestallt ginn.
Vun RTL
Virun 9 Méint gouf d'Initiativ "mateneen" lancéiert. Tëscht Januar a Juli dëst Joer koumen 100 Demanden eran, fir e Projet ze ënnerstëtzen, 80 Projete goufen zeréckbehalen.
A Präsenz vun der Grande-Duchesse Maria Teresa, dem Staatsminister Xavier Bettel an ënnert anerem dem Chamberpresident Mars Di Bartolomeo goufen e Freideg dovunner 9 Projete presentéiert, déi vun der Oeuvre zréckbehale goufen.
Am Ganze stinn 12,6 Milliounen Euro zur Dispositioun.