Nummer 7En neit Online-Kräizwuerträtsel ganz op Lëtzebuergesch

Wéi wier et mat e bësse Beschäftegung iwwer de Joreswiessel, zum Beispill mat engem klengen Online-Kräizwuerträtsel (KWR) integral op Lëtzebuergesch?

Dir wëllt d'Kräizwuerträtsel maachen? Drop klicken a lass!


Zesumme mam Linguist Jérôme Lulling hat RTL Iech am Summer 2016 4 Woche laang ëmmer donneschdes e KWR proposéiert, dat Dir gemittlech op Ärem Smartphone, Tablet oder Laptop léise konnt.

Dat ass esou gutt ukomm gewiescht, datt mir elo weiderfueren: Bis Enn des Joers kritt Dir all Mount een neit Rätsel! Hei dat lescht fir 2016.

Test Äert Wëssen a Beräicher wéi Kultur, Sport, Politik, Geschicht, Theologie, Geographie oder Philosophie. Mä och Froen iwwert eis Sprooch gëllt et ze léisen.

Hei stelle mer Iech also dat siwent Kräizwuerträtsel op Lëtzebuergesch vir.
Dat alleréischt Kräizwuerträtsel gouf iwwregens 1913 an der amerikanescher Zeitung New York World publizéiert.
 
1969 huet dunn de Maître Capello déi éischt "Mots fléchés" (Schwederätsel) op Franséisch erausbruecht.

An zënter 2016 gëtt et da lo och komplett Online-Kräizwuerträtsel op Lëtzebuergesch. 

Mir wënschen alle Leit dobaussen, déi matspillen, vill Chance!
 
Merci soe mer dem Linguist Jérôme Lulling, deen et mat senger Wierder-Datebank méiglech gemaach huet, datt dës Online-Kräizwuerträtselen entwéckelt konnte ginn.

Dir wëllt d'Rätsel maachen? Klickt hei an Dir gesitt et grouss um Computer, Smartphone, Tablet ...

Hei geet et bei eis éischt Rätsel.

Hei geet et bei dat zweet Rätsel.

Hei geet et bei dat drëtt Rätsel.

Hei geet et bei dat véiert Rätsel.

Hei geet et bei dat fënneft Rätsel.

Hei geet et bei dat sechst Rätsel.

Zënter 1999 gëtt de Jérôme Lulling lo scho Lëtzebuergesch-Coursen an huet dobäi ëmmer probéiert, déi nei Technologien an den Déngscht vun eiser Sprooch ze stellen, fir senge Schüler sou ze hëllefen.

Hei eng kleng Lëscht vu Projeten, un deenen hie bis elo geschafft huet:

-2001: Spellchecker op Lëtzebuergesch (Datebank fir deen éischte Spellchecker fir d'Lëtzebuergescht)
-2002: Thèse de doctorat sur la créativité lexicale en luxembourgeois
-2003: Online-Dictionnaire www.Luxdico.com
-2004: Publicatioun vum Buch Luxdico lëtzebuergesch <> frans. (Editions Schortgen)
-2005: Microsoft op Lëtzebuergesch
-2006: Collaboratioun mam LOD.lu
-2007: gratis Broschür Lëtzebuergesch léiere mat Mp3 (www.vdl.lu)
-2008: Bonjour.lu = Video-Lektiounen op Youtube a www.Youmake.TV
-2009: Publikatioun vum Buch LuxDVD lëtz > frans
-2009: Luxdico lëtz <> däitsch
-2010: LuxDVD lëtz > engl, lëtz > russesch, lëtz > portugisesch
-2011: Publicatioun vum Buch Luxdico lëtz < > englesch
-2012: 170 Witzer op Lëtzebuergesch (mat Traductioun)
-2013: Lëtzebuergesch léieren (D'Audio-Dateie vun der LuxDVD am itunes, google play store, amazon mp3)
-2014: Publikatioun vum Buch Verbentabellen op Lëtzebuergesch (Editions Delarosa)
-2015: audio Dictionnaire frans > lëtzbg (itunes, google play store)
-2016: audio Dictionnaire däitsch > lëtzbg (itunes, google play store)



D'Iddi fir mat Kräizwuerträtselen an de Coursen ze schaffen, déi hat de Jérôme Lulling scho méi laang. Et gëtt och eng Rei vu gratis Programmer, mat deenen ee ganz einfach sou kleng Kreuzworträtsele ka generéieren. Dat sinn déi sougenannt amerikanesch Kreuzworträtselen, wou d'Froen nummeréiert sinn an ausserhalb vum Gitter stinn.

Ma d'Zil war et, e Kräizwuerträtsel op Lëtzebuergesch ze entwéckelen, wou d'Froe matten am Gitter stinn, ee sougenanntent Schwederätsel also. An dat ass vill méi komplex, wéi et ausgesäit.

Do brauch ee fir d'éischt emol eng zimlech grouss Datebank mat Froen an Äntwerten an dono ee Programm, deen engem déi Datebank dann a verschidde Kräizwuerträtselen ëmrechent.

An der Datebank vum Jérôme Lulling sti fir den Ament eng 12.500 Froen, deenen hir Äntwerten da sou gekräizt ginn, datt een e komplett 100% Online-Kräizwuerträtsel op Lëtzebuergesch kritt mat Léisungswuert.

Dat si Froen iwwer national an international Theme wéi Geographie, Geschicht, Politik, Konscht (Film, Buch, Musek, Theater), Theologie, Philosophie, Sport asw. An och Froen iwwert eis Sprooch, z.B.:

- de Perfekt vu Verbformen: bauen > gebaut
- de Pluriel vun de Substantiver: Auto > Autoen
- Synonymer: Kapp > Bëls, exakt > genee
- Géigendeeler: staark > schwaach
- Nimm vu Lëtzebuerger Gemengen: Iechternach
- Ofkierzung vu Lycéeën an Associatiounen: Lycée Hubert Clement Esch > LHCE
- Iwwersetzungen: lb - engl: Himmel > sky , lb - frans: Péng > douleur
(lb = lëtzebuergesch, déi Ofk. an net z.B. lux gouf gewielt, well am Wuert "lëtzebuergesch" jo keen x dran ass)

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.