VIDEO: Escher Kulturfabrik7. Editioun vum Afrikafest

SOS Faim an d'Association Solidarité Tiers-Monde hunn déi 7. Editioun vum Afrikafest organiséiert.

Kulturfabrik steet am Zeeche vun Afrika (10.06.2017)
An der Kulturfabrik zu Esch gouf den zweetgréisste Kontinent a seng Kultur virgestallt a gefeiert.

Virun allem Schüler a Schülerinnen aus sëlleche Lycéeë stinn hei am Mëttelpunkt. Fir si goufen eng ganz Rei Atelieren organiséiert. Dorënner een Trommelcours. Vill vun hinne kommen aus dem Ausland. Ma egal wou een hir kënnt: mat e bësse Fläiss kéint jiddereen e Gefill fir d'Musek entwéckelen, seet de Patrick. Hien ass en Trommelexpert aus dem Kongo an deelt säin Talent gär mat deene Jonken.

Fir d'Jongen a Meedercher wär dësen Atelier awer net nëmmen eng musikalesch Beräicherung. Zeréck an der Schoul wär d'Stëmmung an der Klass nom Atelier dacks besser wéi virdrun, sou d' Michèle Hemmer vun der ASTM.

Déi, déi nach kee Kaddo fir Mammendag haten, konnten sech hei a leschter Minutt versuergen. An dobäi nach eng ONG ënnerstëtzen.