Mini Dictéeën um Radio"Dann huelt Ären Handy eraus, mir maachen eng Blitz!"

Virun der grousser RTL-Dictée zu Walfer huet Radio Lëtzebuerg en Dënschdeg seng Nolauschterer mat 5 kuerze Mini-Diktater op Lëtzebuergesch getest ...

Dir hat just Ären Handy prett ze halen a matzeschreiwen, wann de Jemp Schuster diktéiert huet, an duerno Är Dictée op de 62468 ze schécken (50 Cent/SMS).

All Kéier huet dee Séierste mat de mannste Feeler en RTL-Literatur-Package mat flotte Publikatiounen aus dem Rayon vun der Luxemburgensia vun de leschte Méint a Jore gewonn. (Zäit: genee 10 Minutten no all Dictée.)

SMS-Blitz-Dictée: en Dënschdeg um 7h20, 8h40, um 10h45, um 13h10 an um 15h30 op RTL Radio Lëtzebuerg.

AUDIO-LIVESTREAM: Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

Verbesserungen
Dictée (1)

Blitzdictée (1)



Ënnert der Autobunnsbréck, op der Streck fir an d’Éislek, louch en décke  Kiewerlek um Réck. Deen Onglécklechen hat sech d’Genéck gebrach.

Dictée (2)

Blitzdictée (2)



Ech war onheemlech erliichtert, wéi ech gewuer gi sinn, datt dee geféierleche Plesiosaurus schonn dout war, wéi se n en ausgegruewen hunn.

Dictée (3)

Blitzdictée (3)



Wann d’Bräit no der Hochzäit de Schleier net méi wëllen undinn, da kënnen se nach ëmmer duerchsiichteg Rideauen (duerchsichteg Riddoen) aus hire Voilë (Voille) bitzen.

Dictée (4)

Blitzdictée (4)



Wien (Ween) näischt mécht, deen näischt brécht. Wann s de bis alles gebrach hues, kanns de dech jo ameséieren, fir d’Schierbelen erëm zesummenzepechen.

Dictée (5)

Blitzdictée (5)



Mat kabeszegem Blabla an iwwerflächlechem Blingbling kënnt muncheree méi wäit, wéi mat Seriositéit an iwwerluechter Déifsënnegkeet.  

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.