Fréiert Bond-GirlSchauspillerin Karin Dor ass gestuerwen

Bekannt gouf d'Schauspillerin duerch hir Roll am "James Bond"-Film "You only live twice" vun 1967.

D'Schauspillerin Karin Dor bei der Berlinale 2015.© Paul Katzenberger
Weider hat Si Rollen am Alfred Hitchcock sengem Film "Topaz" vun 1969 oder an der Winnetou-Rei.

Gebuer gouf d'Karin Dor den 22. Februar 1938 ënnert dem Numm Kätherose Derr zu Wiesbaden. Gestuerwen ass Si e Méindeg, de 6. November zu München an engem Fleegeheim.

Privat war Si dräi Mol bestuet an huet laang Joren an den USA gelieft. Mat hirem drëtte Mann, dem Stuntman George Robotham, ass Si, nodeem hien un Alzheimer erkrankt ass, zeréck an Däitschland komm, wou hire Mann dann och 2007 gestuerwen ass.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.