Double Bill vun der Woch"BATTLE OF THE SEXES" a "BORG/McENROE"

Dës Woch stelle mer iech direkt 2 Filmer vir: BATTLE OF THE SEXES vum Jonathan Drayton & Valerie Faris a BORG/McENROE vum Janus Metz Petersen.

Tennisfilmer oder op d'mannst Filmer, wou Tennis eng wichteg Roll spillt, ginn et an der Filmgeschicht manner wéi 30, wann een IMDB gleewe kann. An ënnert deene ginn et der ganz wéineg, déi eng Spur an de Gehirer vun de Cinephillen hannerlooss hunn – dem Alfred Hitchcock säi "Strangers on a Train/Der Fremde im Zug" zum Beispill, oder dem Woody Allen säi "Match Point", dee souguer eng lëtzebuergesch Koproduktioun war. Mä soss gouf et an der Vergaangenheet ganz wéineg un Interessantem am Kino, wat den Tennis betrëfft.



Ëmsou méi erstaunlech ass et, datt net nëmmen zwee Filmer, déi sech ëm Tennis dréinen, zu gläicher Zäit produzéiert goufen, mä datt se bei eis och nach genee déi selwecht Woch an de Kino kommen. Riets geet vum "BATTLE OF THE SEXES", inzenéiert vum Valerie Faris an Jonathan Drayton (Little Miss Sunshine) a "BORG/McENROE" vum Janus Metz Petersen, déi ech gelungenerweis um Festival zu Toronto och de selwechten Dag gesinn hunn. Op IMDB hunn ech iwwregens gelies, datt d’Story vu "Battle of the Sexes", deen de bessere vun den zwee Filmer ass, schonn eng Kéier ënnert dem Titel "When Billie beat Bobby" fir d’amerikanesch Televisioun verfilmt gouf. Ausnahmsweis beschäftege mer ons dës Woch deemno mat zwee Filmer.



BATTLE OF THE SEXES spillt ufanks den 1970er Joren a baséiert op Fakten. Deemools war déi amerikanesch Tennisspillerin Billie Jean King (gespillt vum Emma Stone) Nummer Eent weltwäit am Tennis, si war awer och eng Aktivistin, déi sech fir d’Rechter vun de Fraen (am Tennis) agesat huet, well déi zum Deel zwielef mol manner gutt bezuelt goufe wéi d’Männer. Well déi amerikanesch Manager net méi wëlle bezuelen, grënnt d’Billie Jean King eng eegen Tennisliga fir Fraen, wat natierlech fir Spannungen (mat de Männer) suergt.



Trotzdeem gëtt Fraentennis ëmmer méi populär. Fir dat Ganzt an d’Lächerlecht ze zéien, fuerdert de 55jähregen Ex-Tennis-Champion a fuerchtbare Chauvinist Bobby Riggs (Steve Carell) d’Billie Jean King zu engem gutt dotéierte Showmatch eraus, fir ze beweisen, dat egal welche männleche Spiller besser Tennis spillt wéi déi weltbeschte Fra. No längerem Zécken hëlt d’Billie Jean King 1973 dem Bobby Riggs säin Challenge un…an et kënnt zum gigantesche Showdown, deen als Battle of the Sexes an d’Tennisgeschicht agoung.



D’Valerie Faris an den Jonathan Drayton hunn et fäerdeg bruecht, an hirer oft witzeger a munchmol och méi seriéiser Inzenéierung de Look vun den 1970er Jore perfekt ze treffen, souwuel wat d’Faarwen an d’Kostümer vun deemools betrëfft, wéi och d’Aart a weis, wéi den Tennis an deene Joren op der Televisioun gewisse gouf. Déi exzellent Schauspiller (Emma Stone, Steve Carell, Elisabeth Shue, Alan Cumming, Bill Pullman) an de gelongene Retro-Look bitt de Film deemno net nëmmen herrlech Ënnerhalung, mä e gëtt och eng Lektioun iwwer de Kampf vun de Frae fir Emanzipatioun an engem Sport, wou si beschtefalls als Exotinne gegollt hunn, iwwer déi gelaacht oder schmuddeleg Witzer gemaach goufen. Mat enger Lafzäit vun zwou Stonnen ass de Film vläicht eng Grimmel ze laang, mä ech roden Iech trotzdeem de Schlussgenérique ze kucken, well do gitt der nach e puer pikant Saache gewuer.



Den zweete Film vun eiser Double Bill heescht BORG/McENROE a gouf inszenéiert vum däneschen Dokumentarfilmer Janus Metz Pedersen, allerdéngs net als Documentaire mä als Spillfilm. Borg/McEnroe spillt am Ufank vun den 1980er Joren, zu engem Ament wou de Schwed Björn Borg (gespillt vum Sverir Gudnason, deen dem Borg gläicht wéi eng Drëps Waasser) déi absolut Nummer Eent am Welttennis war an den Turnéier vu Wimbledon scho véier Mol hannerenee gewonnen hat. An Amerika ass deemools allerdéngs en Challenger opgedaucht, dee wollt verhënneren, dat de Borg Wimbledon eng fënneft Kéier gewanne géif: Den John McEnroe (iwwerzeegend gespillt vum Shia LaBoeuf) war bekannt fir säi stiermescht Temperament um Tennisfeld, wou hien d’Arbitteren an de Publikum reegelméisseg beleidegt huet an och seng Racketten hunn oft d’Spill net iwwerlieft.



Borg/McEnroe erzielt, wéi di zwee Cracke mat ënnerschiddlechem Charakter privat an um Terrain mateneen ëmgoungen. Wat de Film allerdéngs och weist an dowéinst eng Grimmel aus dem Gläichgewiicht kënnt, ass dat de Borg am Ufank vu senger Carrière och kee Gudde war a seng Traineren oft zur Verzweiwlung bruecht huet. Iwwert dem McEnroe seng Jugend gi mer dee Moment manner gewuer.



Vill eeler Leit dierften nach wëssen, wéi et deemools zu Wimbledon ausgoung, mà dat ass fir de Spannungsbou vum Film net wichteg, wëll et jo virun allem ëm de psychologesche Krich tëscht den zwee Spiller geet a manner ëm hier Technik. Et muss ee mol keen Tennisfan si fir de Film ze genéissen – déi dokumentaresch Approche vum Janus Metz Pedersen ass grondverschidde vun deier, déi d’Regisseure vu Battle of the Sexes gebraucht hunn. Dowéinst kann een sech roueg déi zwee Filmer dës Woch ukucke goen, fir ze vergläichen a fir ze gesinn, wéi versatil Kino zum selwechten Thema ka sinn.



                                                                                 Jemp Thilges 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.