VIDEO: Dës Woch an der ArtBoxDen Acteur Luc Feit

De Luc Feit lieft zu Berlin, schafft an Däitschland an zu Lëtzebuerg.

ArtBox - Den Acteur Luc Feit (11.11.2017)
All Woch si mir mat engem Kënschtler ënnerwee an kréien en Abléck an säin Alldag.

De Luc Feit gehéiert zu de bekannteste Lëtzebuerger Acteuren an ass sécher ee vun den villsäitegsten, souwuel vrun der Kamera wéi op der Bühn. Dacks kann een hien an däitschen Televisiounsproduktioune gesinn an ëmmer erëm gären op der Bühn.
Den Ament steet e solo op der Bühn vum Théatre National, wou en, ënnert der Regie vum Frank Feitler mam Georg Büchner Text "Lenz" ze gesinn ass.
Mir waren de Luc Feit op Berlin besichen an hunn en och an eng Prouf begleet.

D'ArtBox: All Samschdeg um 19.00 Auer live op Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu. An duerno och am Replay op RTL.lu.