FOTOGALERIEDe Serge Tonnar a Legotrip am Flying zu Beefort

De Serge Tonnar a Legotrip sinn nach net al genuch fir an d'Pensioun, awer grad al genuch fir e "Congé sans solde" vu Januar bis September 2018.

Zesumme mam Label a Kënschtlerkollektiv Maskénada hu si de leschte Samschdeg op e grousst Ofschlossfest an de Flying Dutchman op Beefort agelueden.

Ënnerstëtzung krute si vun de jonke Museker vu Räpzodi, déi mat hirem Akustik-Rap op Lëtzebuergesch e ganz eemolegen Zodi maachen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.