VIDEO: "Chrëschtdeeg am Theater"Spektakele fir Grouss a Kleng am Groussen Theater + Rotonden

Familljen, déi d’Zäit tëscht de Feierdeeg gären fir e Besuch am Theater notzen, hu vun elo un nees e grousse Choix!

"Chrëschtdeeg am Theater" (27.12.2017)
Spektakele fir Grouss a Kleng am Groussen Theater + Rotonden!
Während véier Deeg nämlech presentéieren de Groussen Theater an d'Rotonden déi 10. Editioun vun de "Chrëschtdeeg am Theater".

D‘Audrey feiert Gebuertsdag. Hatt huet de Public agelueden, fir e Kuch ze baken a mat him ze deelen. Ganz onbemierkt mëscht sech en Déier ënnert d’Gäscht, en Tiger virun deem d’Audrey natierlech Angscht huet. Riets ass vun „Down Tiger Down“, eng vun aacht ongewéinleche Produktiounen, déi dëst Joer ageluede goufen, fir Kleng a Grouss ze begeeschteren.



Ee weideren besonnesche Projet, deen um Programm steet, ass “Boomer XYZ” vun der Lëtzebuerger Kompanie MAJO. Dëst ass ee Spektakel, deen déi verschiddensten Techniken aus dem Universum vum Zirkus zesummebréngt an dem Public esou e kloren Abléck an d’Geschicht an d’ Entwécklung vum Zirkus gëtt.

D’ “Chrëschtdeeg am Theater” bidden Elteren an hire Kanner d’Méiglechkeet, fir spannend Momenter zesummenzeverbréngen, ma dës Initiative huet nach ee ganz besonnesche But.

Bis den 30. Dezember inclus kann ee sech an de Rotonden an am Groussen Theater déi aussergewéinlechsten Inszeenéierungen ukucken.

www.rotondes.lu

www.theatres.lu