Buch vun der Woch"Kalte Seele, dunkles Herz" vun der Wendy Walker

© Fischer Verlag
"Kalte Seele, Dunkles Herz" ass der Wendy Walker hiert zweet Buch. An och dës Kéier huet si nees en Psycho Thriller geschriwwen, deen et an sech huet. Tiffany Saska.

02/01/2018 Buch vun der Woch: "Kalte Seele, dunkles Herz" vu
.



D’Emma an d’Cassandra sinn zwou Schwësteren di enges Dages verschwannen. No dräi Joer steet Cassandra op eemol nees bei senger Mam virun der Dier. Vun senger eelerer Schwëster feelt awer all Spuer. Psychologin Abby Winter di schonns beim Verschwanne vun de Meedercher de FBI  a senger Enquête ënnerstëtzt huet, gëtt och des Kéier nees engagéiert fir erauszefanne wat geschitt ass a wie et schéngt ass si di eenzeg Persoun déi d’Wourecht erkenne kann.
"Kalte Seele Dunkles Herz" gëtt aus zwee Bléckwénkelen erzielt. Cassandra erzielt an der Ech-Perspektiv wat an deenen dräi leschte Joren no sengem Verschwanne passéiert ass an et gëtt séier kloer dat hat an seng Schwëster keng normal Kandheet haten.  De Point de Vue vun der Psychologin, di selwer an engem schwéieren Ëmfeld grouss ginn ass, gouf allerdéngs an der drëtter Persoun geschriwwen. Dëst feiert dann och leider dozou dat di Geschicht di d’Abby Winter zielt fir de Lieser net esou gräifbar ass.
Schonns um Ufank mierkt een, dat eppes un der Geschicht di dat jonkt Meedchen dem FBI erzielt net stëmmt. Et geet een dovun aus, dass verschiddene Grausamkeeten no an no op Tapéit kommen. An awer ass de Schluss komplett iwwerraschend an absolut net esou virauszegesinn. Spannung ass em Buch deemno garantéiert. Dofir ass den Ufank awer laangwiereg. Zum Deel gëtt d’Geschicht bëssi ze vill an d’Längt gezunn an net optimal opgebaut. Ausserdeem gëtt net chronologesch erzielt wat prinzipiell kee Problem ass. Hei feiert et allerdéngs dozou, dat ee riskéiert de Fuedem  ze verléieren. Der Wendy Walker geléngt et op der aner Säit awer de Lieser ëmmer nees op enger aner Piste ze guidéieren esou dat d’Loscht weiderzeliesen net verluer geet. Zum Schluss bleiwen awer leider vill Froen oppen déi och duerch di Mass un Informatiounen di ageworf ginn, net opgekläert kenne ginn.
Schonns hiert éischt Buch war en Psychothriller an och hei fléisst kee Blutt ma et geet em héich komplex Handlungen. An och wann den Opbau vum Buch net ëmmer ganz gelongen ass, esou leit d’Stäerkt vun dësem Buch och hei nees eendeiteg an der Thematik. Eng narzisstesch Mamm an zwee Kanner dir hiert ganz Liewen ënnert der psychescher Stéierung vun hirer Mam liewen a leide mussen. Och di weider Personnagë wei de Stéifjong oder di verschidde Partner leiden ënnert der Perséinlechkeetsstéierung vun der Mam Judy.
Narzissmus ass eng Krankheet iwwert déi ech bis elo an nach kengem Thriller gelies hunn an domat méin Interessi wecken konnt. D’Wendy Walker beschreift dëst Krankheetsbild deelweis mat esou enger Präzisioun dat een als Lieser vill iwwert dëse psychologeschen Zoustand léiere kann. Op Psychologen dat awer och esou gesi kann ech net garantéiere.

"Kalte Seele, dunkles Herz" vun der Wendy Walker huet 384 Säiten an ass bei Fischer Scherz erauskomm.