VIDEO: KulturCarole Lorang gëtt nei Directrice vum Escher Theater

Carole Lorang, dat ass den Numm vun der neier Directrice vum Escher Theater.

© Pol Arlé / RTL

De Charles Muller, deen zanter 2004 d'Geschécker vum ronn 500 Sëtz groussen Theater steiert, hat scho leschte Summer bei der Presentatioun vun der neier Saison wësse gedoen, dass et säi lescht Joer als Direkter wäert sinn.

Carole Lorang gëtt nei Directrice vum Escher Theater (02.01.2018)
No 4 Hären op deem Posten ass elo eng éischte Kéier eng Fra un der Spëtzt vum Escher Theater.

Et ass déi éischte Kéier, dass eng Fra dee Posten iwwerhëlt, nodeems elo 4 Hären d'Responsabilitéit haten. Si iwwerhëlt den 1. Mäerz de Posten als Directrice, wëll awer och nach weider als Regisseurin schaffen, dat allerdéngs net méi sou dacks. Rieds ass vun eng Kéier am Joer eventuell.

© Pol Arlé / RTL


Ween ass d'Carole Lorang? Am Januar 2016 war si Invité an der ArtBox
D'ArtBox mam Carole Lorang (01.10.2016)
All Woch si mir mat engem Kënschtler ënnerwee an kréien en Abléck an säin Alldag.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.