Storms Over Luxembourg: Neit Geschichtsbuch vum F. Gardini

Den Éischte Weltkrich an d'Konsequenzen dovunner zu Lëtzebuerg, esou de Sujet vum Fausto Gardini sengem neisten eBook "Storms Over Luxembourg".

D'Buch, dat et just ënner digitaler Form gëtt, handelt iwwert den Éischte Weltkrich an d'Konsequenzen dovunner zu Lëtzebuerg, déi zur Ofdankung vun der Grande-Duchesse Marie-Adelaïde gefouert hunn.

"Storms Over Luxembourg - The 1919 Crisis, Genesis & Consequences" wërft e Bléck vu bannen am Land an och vum Ausland op eist Land während dëser kritescher Zäit fir d'Onofhängegkeet vun eisem Grand-Duché.

D'eBook huet 200 Säiten a 56 Illustratiounen. Et kascht 19,95 Dollar oder 15 Euro (fir den Tranfer vum Fichier). Mat engem Memory Stick geet de Präis ëm 8 Dollar respektiv 5 Euro an d'Luucht.

Eng interessant Biografie

De Fausto Gardini interesséiert sech zënter Laangem fir d'Geschicht vu Lëtzebuerg, ganz besonnesch och fir d'Geschicht vun de Lëtzebuerger Auswanderer an Amerika.

De Fausto Gardini


Hie gouf an Italien gebuer, ass awer zu Lëtzebuerg opgewues, wouhi säi Papp mat senger Famill an de 1950er-Joeren higezu war. De Fausto Gardini huet fir d'Luxair geschafft, ass 1982 bei eng Telekommunikatiounsfirma op Paräis gaang an 1984 mat där op Atlanta (Georgia) an den USA gezunn. An den 20 Joer dono hu Business-Reesen hien an net manner wéi 98 Länner bruecht.

De Fausto Gardini ass also ee richtege Weltenbummler.

Staark un der Geschicht interesséiert

2007 huet hien e Buch iwwer St. Donatus erausbruecht, dat ass e klengt Duerf bei Dubuque (Iowa), wou bal just Nofolger vun Immigranten aus Lëtzebuerg wunnen. D'Buch "St. Donatus, Iowa. A Luxembourg Village" ass awer mëttlerweil vergraff.

Dacks scho war de Fausto Gardini als Guide aktiv fir Gruppen aus Lëtzebuerg duerch d'US-Bundesstaaten Iowa, Illinois, Minnesota a Wisconsin (all westlech vum Michigan-Séi an der Géigend vu Chicago) ze féieren a si op de Spuere vun de fréien Auswanderer aus dem Grand-Duché wandelen ze loossen.

Op der University of North Florida (UNF) zu Jacksonville gëtt hie regelméisseg Coursen iwwert Lëtzebuerg. De Fausto Gardini schwätzt Englesch, Franséisch, Däitsch, Italienesch a Lëtzebuergesch.

De Fausto Gardini wunnt a lieft zu Jacksonville a Florida.

Weider Detailer op sengem Site um Spaweck: http://www.luxembourgensia.com/.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.