D'Schauspiller a Sängerin Angèle Mirkes ass gestuerwen

D'Schauspillerin a Sängerin Angèle Mirkes ass dout. Si ass op hirem 89. Gebuertsdag gestuerwen. D'Angèle Mirkes war Member vum Lëtzebuerger Theater.

Si ass ënner anerem an der Lëtzebuerger Revue als Sängerin opgetrueden.
Hir éischt Plaque huet "Rousen fir d'Mamm geheescht, an de 70er Joeren huet si op méi ewéi 20 aner Disquen gesong. Ee vun hire bekannteste Lidder dierft de Schnéiwalzer gewiecht sinn.

 AUDIO: De Schnéiwalzer vum Angèle Mirkes »


D'Theaterkarriere vun der Angel Mirkes huet 1936 beim Déifferdenger Ensemble "Theaterfrënn" ugefaangen, wou si iwwer 30 Joer laang gespillt huet. Dono war si Member vum Lëtzebuerger Theater an ass ënner anerem an der Lëtzebuerger Revue als Sängerin opgetrueden.

Iwwer 20 Joer laang huet si dat zesumme mam Sophie Proost gemaach - déi vum Mënsch Angel Mirkes impressionnéiert war.

 AUDIO: D'Sophie Proost iwwert d'Angèle Mirkes (1) »


 AUDIO: D'Sophie Proost iwwert d'Angèle Mirkes (2) »

Am Alter vun 89 Joer ass d'Sängerin an d'Schauspillerin Angel Mirkes gestuerwen. 
 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.