Nei um BichermaartDe Kregéiler - E Frënd vun der Natur erzielt

An der Serie "Perspectives" bei den Éditions Guy Binsfeld.

Den Henri Losch, de groussen Erzieler, huet fir säin neit Buch bei den Editions Guy Binsfeld nees an d'Bijouskëscht vu sengen Erënnerunge gegraff. Nom Succès vu sengen autobiographesche Wierker Koppeges a Bosseges an D'Rennscheier verzielt de 86-Järegen an De Kregéiler vu senge perséinlechen Erfarunge mat der Natur, déi hie scho säit fréister Kandheet begleet a gepräägt hunn. Et ass déi grouss Léift a Faszinatioun fir alles, wat wibbelt a kraucht, déi den Henri Losch op seng lëschteg Manéier mat eis deelt.

An de ronn 30 Geschichte léisst den Henri Losch dës an aner Momenter Revue passéieren an hëlt de Lieser mat op eng Rees, déi vun Dikrech iwwer Useldeng a Bartreng bis an den héijen Norde féiert, dat op seng gewinnt lëschteg Aart a Weis. D'Freed un der Natur, den Drang fir e Stéck Land säin Eegent ze nennen, dat ass eppes, wat e mat an d'Wéi geluecht krut. Generatioune vu senger Famill hu vun a mat der Natur gelieft. D'Aen zoumaachen an an d'Rou eralauschteren, dat ass et, wat hie glécklech mécht.

Wéi et zum Titel koum

Wien em scho begéint ass, kann net grad vun him behaapten hie wier e Kregéiler. En huet wuel sou munches auszesetzen un der Welt, mat sengen drolege Mënschen. Meeschtens probéiert en dat awer ouni vill Gedäisch ze reegelen, mä explodéiere kann en dann, wann Anerer versichen ze zerstéieren, wat e sech mat vill Léift opgebaut huet – säi klenge Paradäis an der schéiner Natur. Dat kënne mer an dësem Buch e puermol erliewen, an dat huet em och d'Iddi ginn, säin neit Wierk esou ze betitelen.

D'Kannerzäit vum Henri Losch

Als klenge Bouf krut en e Bam geschenkt, säi Bam, an där Beem sollt en sech am Laf vun der Zäit nach etlech méi leeschten. Sou féiert en eis duerch d'Liewe vu senge Virfaren, déi an Amerika ausgewandert waren, duerch seng Kannerzäit zu Méchelbuch, wou seng Famill hierkënnt a wou hien alles, wat sengem Ëmkrees gehéiert huet, als säin Eegent ugesinn huet. Op Useldeng, wou en, ëmgi vun allerhand Hausdéieren, d'Chance hat, an engem aussergewéinleche Bongert an an engem eenzegaartege Gaart sech sou richteg ze verwierklechen. Op Grooljen an op Uewerpallen, wou en sech als Schoulmeeschter ënnert den Duerfleit
wuelgefillt huet, an op d'Helfenterbréck, wou en sech no laangem Hin an Hier a mat vill Äifer e klenge Paradäis opgeriicht huet, bis d'Gemengepäpp vu Bartreng ronderëm hie sou munches erlaabt hunn, wat deem en Enn gemaach huet. Do gouf en am ganzen Duerf als „De Kregéiler" bekannt.

D'Weekendhaus

Fir deem Kaméidi wéinstens zum Deel z'entkommen, huet d'Famill sech zäitweis an den héijen Norde vum Land zréckgezunn, bei Frënn op Al Géidgen, ganz eleng, wäit ewech. Do huet en sech vum Stress erholl a spannend Erliefnesser gehat, an enger Géigend, déi vill méi ze bidden huet, wéi ee vläicht mengt.

De Kregéiler – E Frënd vun der Natur erzielt ass no D'Rennscheier – E Guide erzielt, Koppeges & Bosseges – E Schoulmeeschter erzielt an E Bouf erzielt – Eng gewéinlech ongewéinlech Kandheet am Krich schonn dat véiert Buch an enger Rei vun autobiographeschen Erzielungen, déi den Henri Losch bei den Editions Guy Binsfeld erausginn huet.

Henri Losch

1931 zu Dikrech gebuer, ass Schoulmeeschter, Kannerbuch- an Dréibuchauteur, Iwwersetzer an Erzieler. Dobäi huet hien sech och als Theater- a Filmschauspiller en Numm gemaach. Nieft Erënnerungen aus der Kannerzäit an Sou laang een drun denkt ... Grouss a Kleng am Krich (1985), E Bouf erzielt – Eng gewéinlech, ongewéinlech Kannerzäit am Krich (2004) an engem Krimi, Häerzerkinnek (2007), huet den Henri Losch och nach véier Abenteuerbicher fir déi jonk Lieser publizéiert: Geheimnisser vum drolege Schlasshär (2003, 2004, 2005) an De Geescht an der aler Brauerei (2009). Fir déi ganz Kleng huet e Kannerbicher adaptéiert an an d'Lëtzebuergescht iwwersat. 2007 ass een Hörbuch mat Auszich, gelies vum Auteur, aus E Bouf erzielt erauskomm.

HENRI LOSCH
DE KREGÉILER – E FRËND VUN DER NATUR ERZIELT
SERIE "PERSPECTIVES"

320 Säiten
134 x 210 mm
Gebonne mat Liesbändchen
ISBN 978-99959-42-28-1
22,90 €€