Buch vun der Woch"Das Genie" vum Klaus Cäsar Zehrer

Bei engem éischte Roman suckelt een sech eng Geschicht aus de Fangeren an et kuckt een no, wéi sech d’Personnagen entwéckelen.

Oder et gräift een op Persoune vun der Zäitgeschicht zréck fir deenen hiert Liewen op seng eegen Aart a Weis ze erzielen. De Klaus Cäsar Zehrer huet déi zweet Method gewielt an sech fir zwou aussergewéinlech Perséinlechkeeten aus der amerikanescher Wëssenschaftsgeschicht entscheed.

Et gi Bicher, an déi daucht een eran wéi an e kristallklore Séi, an et schwëmmt een soulaang ënner Waasser, bis een noutgedrongen nees muss opdauche, fir Loft ze huelen. Abee, genee sou e Buch ass « Das Genie » vum Klaus Cäsar Zehrer. Wann een et eng Kéier opgeschloen huet, da kann een et bal net méi aus der Hand leeën, a mécht een dat aus iergend engem Grond awer dach, da freet een sech déi ganzen Zäit op dee Moment, wou een et nees kann an de Grapp huelen, a vun der Handlung an deenen zwee Haaptpersonnagen opgesuckelt gëtt.

« Das Genie » ass déi romancéiert Biographie vum William James Sidis, engem amerikanesche Wonnerkand, a vun deem sengem Papp, dem Boris Sidis, deen als aarmen ukraineschen Awanderer am Joer 1887 zu New York ukënnt. Schonn op deenen éischte Säite vum Roman mierkt een, dass de Boris keen ass wéi all déi aner, déi mat him aus Europa eriwwer komm sinn, mä e fräie Geescht, dee sech vu kengem eppes soe léisst, an aleng op d’Kraaft vum Verstand a vun der Vernonft vertraut, fir am Liewe virun ze kommen. Dat spillt him zwar am Ufank esou munche Streech, mä well hien immens gescheit ass, (e schwätzt eng Dose Sprooche fléissend a léiert Englesch an engem Rekordtempo) kënnt hie séier virun a lant schliesslech zu Boston op der Harvard University. Hei entwéckelt hien eng Léiermethod, déi fir déi deemoleg Zäit revolutionär war, an test se fir d’alleréischt un sengem Fils William James, deen 1898 gebuer gëtt. Hei geet et drëm, fir d’Kand sou fréi wéi méiglech fir seng Ëmwelt a fir d’Léieren ze begeeschteren, doduerch dass säin natierleche Virwëtz stimuléiert an et permanent vu gebilte Leit weider gefuerdert gëtt.

Dat geléngt dem Boris am Fall vum William James esou gutt, dass d’Kand scho mat 8 Méint goe kann, mat 18 Méint liest et d’ New York Times an am Alter vun 2 Joer studéiert et Latäin. Mat 8 Joer schwätzt dee klenge Bouf schonn 8 Sproochen a gëtt mat knapps eelef Joer zu Harvard op der Uni ugeholl, wou e 5 Joer méi spéit schonn säin Diplom mécht. Faszinéiert verfollegt een als Lieser säin Opstieg zu engem vun deene renomméiertste Wëssenschaftler an den USA, mä gläichzäiteg och säi Broch mat sengem Papp.

Jo, well dës eesäiteg Ausriichtung op de Geescht, d’Vernonft an d’Wëssen geet op d’Käschte vun den tëschemënschleche Relatiounen, an och wann déi zwee, Papp a Fils, gigantesch Geeschtesgréisste sinn, sou sinn se op där anerer Säit awer och handicapéiert Existenzen, wann et drëm geet, mat anere Mënschen ze kommunizéieren. Mat « Das Genie », sengem éischte Roman, huet de Klaus Cäsar Zehrer et fäerdeg bruecht, engem zwee Personnage méi no ze bréngen, déi dem Lieser mat Sécherheet laang an Erënnerung wäerte bleiwen. Hien huet net nëmmen en interessanten a spannende Roman geschwriwwen, mä mat sengem Buch e weidert Puzzlestéck zur aktueller Bildungsdiskussioun bäigedroen.

Buch vun der Woch: "Das Genie" vum Klaus Cäsar Zehrer