Nei um BichermaartEng nei Prinzessin an zwee nei Elmaren

Kremart Edition bréngt dräi nei Kannerbicher eraus.

Nei um Bichermaart: "Den Elmar an de Super El" an "Dem Elmar säin neie Frënd".
Déi nei Aventurë vun der klenger Prinzessin a vum faarweg karéierten Elefant Elmar sinn do.

An "Ech wëll d'Luucht un!" besteet dem Tony Ross seng kleng Prinzessin dorop, net am Däischteren ze schlofen – et kann ee jo ni wëssen, ob net awer e Geescht opdaucht. Datt déi Angscht net ganz onberechtegt ass, ginn d'Kanner an dëser lëschteger Geschicht mat herrlechem Schluss gewuer.

"Ech wëll d'Luucht un!" ass ewell déi fënneft Geschicht vun der klenger Prinzessin, déi d'Christiane Kremer op Lëtzebuergesch iwwersat huet. Déi aner sinn: "Ech wëll net an d'Bett!", "Mir ass et schlecht!", "Ech wëll meng Hänn net wäschen!" an "Ech maachen dat selwer!" a sinn och nach all ze kréien.

Tony Ross
Déi kleng Prinzessin: Ech wëll d'Luucht un!
ISBN 978-99959-39-65-6
28 Säiten,12,95 Euro

Och d'Frënn vum faarweg karéierten Elefant Elmar kommen dësen Hierscht a Wanter nees op hir Käschten: Mat "Den Elmar an de Super El" kënnt eng weider regulär Geschicht eraus, an där den Elmar sengem klenge Frënd hëllefe muss, well eng pickeg Heck deem säi Kostüm ramponéiert huet. Ma wéi kommen déi zwee Elefanten elo bei d'Tatta Tzidoni, ouni datt ee si gesäit? Eng léif Geschicht iwwer hëllefen an oflenke vum David McKee, iwwersat vum Luc Marteling.

Fir déi ganz Kleng kënnt dann och nach eraus: "Dem Elmar säin neie Frënd", mat feste Säiten a mat engem Spigel. Dëst Buch am klenge Format ass en ideale Start an déi faarweg Welt vum Elefant Elmar, vum deem antëscht ronn eng Dose Geschichten op Lëtzebuergesch iwwersat goufen.

David McKee
Den Elmar an de Super El
ISBN 978-99959-39-28-1
28 Säiten, 12,95 Euro

David McKee
Dem Elmar säin neie Frënd
ISBN 978-99959-39-40-3
12 Säiten, 10 Euro