Nei um Bichermaart"Schaarf Munitioun" vum Jean Schoos

Nei am Verlag Guy Binsfeld

Schaarf Munitioun ass no Den drëtte Schlëssel den zweeten Deel mam jonken, éiergäizegen Enquêteur René Fischbach.

No enger Rei Ulafschwieregkeeten huet sech den Haaptpersonnage an de vergaangene fënnef Joer zu engem vun de beschten Ermëttler an der Lëtzebuerger Gendarmerie entwéckelt an dowéinst ginn him déi schwieregst Kriminalfäll iwwerdroen. Ëmmer nees geréit hien a Schwieregkeeten, déi net ze léise sinn. Am Laf vun der Zäit gëtt him ëmmer méi bewosst, dass dat net u senge Kompetenze läit, mä dass eng Uklo viru Geriicht bewosst verhënnert gëtt. Dat féiert esou wäit, dass hien zwar erausfënnt, wien hannert der Dot stécht, déi Beweiser, déi néideg wären, fir de Responsabele festzehuelen, awer manipuléiert ginn oder esouguer verschwannen.

Den zweeten Deel vun der Serie, Schaarf Munitioun, spillt am Joer 1968 zu Dickweiler, an der Géigend vun Iechternach, a féiert de Fischbach, Oberleutnant bei der Sûreté, bis op Heidelberg a Kopenhagen, wou e wichteg Indizien an Zeie fir seng Enquête fënnt.

Den Zaldot Fred Peiffer ass bei engem Nato-Manöver schwéier blesséiert ginn – an dat, obwuel bei esou engem Manöver just Markéiermunitioun soll zum Asaz kommen! Den Dag drop brennt dann och nach de Juegdchalet of, an deem sech de Virfall ofgespillt huet. Alles deit dorop hin, dass et sech ëm Brandstëftung handelt. D'Fro, déi am Raum steet, ass ob déi zwee Virfäll eppes mateneen ze dinn hunn. De Fischbach setzt alles drun, der Saach op d'Spur ze kommen, ma net jiddweree schéngt Interessi dorun ze hunn, dass de Fall opgekläert an déi Responsabel fonnt ginn ...

Den Auteur huet am Virfeld vill iwwer déi historesch Realitéiten zu Lëtzebuerg recherchéiert, a léisst esou eng spannend Mëschung aus Fakten a Fiktioun a seng Kriminalgeschicht afléissen.



Serie "Gudde Gendaarm, Béise Gendaarm"

Schaarf Munitioun ass ewell den zweete Band vun der Krimiserie aus der Fieder vum Jean Schoos. Wéi schonns am éischten Deel, deen 2016 am Verlag Guy Binsfeld publizéiert gouf, ginn och dës Kéier nees geschichtlech Fakten a Fiktioun gläichermoossen an d'Geschicht afléisse gelooss. De Fischbach stellt sech a béide Fäll als besonnesch ambitionéiert eraus, eckt mat sengem Äifer awer och dacks un. Säi Mataarbechter, den Thoma, beschreift hien a seng Aarbecht folgendermoossen:

Dir hutt eis matgerappt. An Dir hutt op eege Fauscht gehandelt. Dat ass net nei. Esou kenne mir Iech. Är Heemlechkréimerei ass eng vun äre schlechte Gewunnechten, déi mécht eis keng Freed. Dir kommt net lass dovun, alles selwer ze maachen – op Är Fassong.

Den Auteur

De Jean Schoos ass 1947 an der Stad gebuer, wou hien och opgewuess ass. No der Première 1966 am Jongelycée ass hien op de Mathematikscours gaangen, fir '67 Chimie a Physik zu Heidelberg ze studéieren. Zwee Joer drop ass hien dunn awer op Psychologie a Soziologie ëmgeklommen. 1978 ass en zréck op Lëtzebuerg komm, fir d'Plaz als Direkter vum Jongenheem, enger sozialer Ariichtung fir Kanner a Jonker, unzehuelen. An dëser Funktioun ass hie bis 2011 bliwwen, wou hie pensionéiert gouf.

JEAN SCHOOS
SCHAARF MUNITIOUN
DEM FISCHBACH SÄIN ZWEETE FALL
AUS DER SERIE "GUDDE GENDAARM, BÉISE GENDAARM"
240 Säiten, 154 x 224 mm
Klappebroschur
ISBN 978-99959-42-17-5
22,00 €