Buch vun der Woch"Wo drei Flüsse sich kreuzen" vum Hannah Kent

En ofgeleeënt Duerf ëm 1825 an Irland, e behënnert Kand, tragesch Evenementer, déi u béis Muechten denke loossen a Fraen, déi zu extreme Methode gräifen.

Dat sinn d’Ingredienten vun « Wo drei Flüsse sich kreuzen », deem neie Roman vun der australescher Auteurin Hannah Kent, deen op enger Geschicht baséiert, déi richteg geschitt ass.

Mir sinn am Irland vum 19. Joerhonnert, während der grousser Hongersnout, an engem Dall wäit ewech vun der Zivilisatioun. Hei sinn d’Leit aarm, et ass ëmmer kal an hire schappegen Haiser an se mussen all Dag drëm kämpfen, fir e bësse Brout, e puer Gromperen, en Ee oder eng Drëps Waasser, guer net ze schwätze vu Mëllech, op den Dësch ze kréien.

Hei lieft d’Nora, déi net nëmmen hire Mann an hir grouss Duechter scho verluer huet, mä sech elo och nach ëm de Micheàl, d’Kand vun hirer Schwëster, déi och gestuerwen ass, muss këmmeren. Bis zum Dout vun senger Mamm war de Bouf e ganz normaalt Kand, mä zënterhier geet et ëmmer méi biergof mat him : en ass behënnert , kann net méi lafen an huet Krämp um ganze Kierper. Well se mat der Fleeg vun hirem Enkelkand net méi eens gëtt, hëlt d’Nora sech d’Mary, e Meedchen aus dem Norden, an d’Haus. Wéinst senge ville Gesëschter ass hatt gewinnt, mat Kanner ëmzegoen a këmmert sech mat vill Léift ëm de Micheàl.

Mä an enger Géigend an an enger Zäit, wou den Aberglaube méi Gewiicht huet wéi de klore Geescht a wou kierperlech Gebrieche gäre béise Geeschter zougeschriwwe ginn, ass eng behënnert Persoun natierlech net gäre gesinn. A wéi dunn och nach d’Kéi ufänke, keng Mëllech méi ze ginn, e Kand dout gebuer gëtt an eng Fra sech selwer a Brand setzt, ass de Schëllege schnell fonnt : fir d’Leit aus dem Duerf ass de Micheàl e Feeëkand, e Wiesselballeg, dee responsabel ass fir hire ganze Misär. Well si net méi weider weess, deet d’Nora sech mam Nance zesummen, enger Kraiderhex an Heelerin, där hiert Wëssen op ural Mythen an Iwwerliwwerunge baséiert, an domat am direkte Géigesaz mat der vum Paschtouer aus dem Duerf vertruedener kathoulescher Relioun steet. Zesummen entwéckelen si eng Strategie fir dee béisen Deel aus dem Michéal erauszedreiwen, mat zum Deel mëttelalterleche Methoden, déi dem Lieser méi wéi eng Kéier d’Schudderen ausgoe loossen…

Mat « Wo drei Flüsse sich kreuzen » hëlt d’Hannah Kent eis an eng Zäit mat, déi vu Mythen an Aberglaube, urale Riten a Gebräicher dominéiert gouf a wou Logik a rationaalt Denken et schwéier haten, sech duerchzesetzen. An si mécht dat op esou eng plastesch Aart a Weis, datt een um Enn dës batteraarm Leit versteet, déi sech wéi un e Stréihallem un ural Rituale klameren, fir hier Situatioun ze vergiessen, aus där si keen Auswee gesinn.

"Wo drei Flüsse sich kreuzen" ass op Däitsch bei Droemer erauskomm.

Buch vun der Woch: "Wo drei Flüsse sich kreuzen"