Buch vun der WochRobert Menasse: Die Hauptstadt

Fir dësen Epos krut de Robert Menasse den "Deutschen Buchpreis". D’Buch huet 459 Säiten an ass am Verlag Suhrkamp erauskomm.

Këmmeren sech d’Eurokraten eigentlech och ëm aner Saache wéi kromm Banannen a Mëllechquoten? De Robert Menasse analyséiert a sengem Buch „Die Hauptstadt“, wéi Bréissel funktionéiert. Kee Sachbuch, mee e Roman. Mat Momenter saukomesch, och wa Schwéngereie gedriwwe ginn.

E Schwäi leeft duerch d’Stroosse vu Bréissel, kee fänkt et an: Déi eng reegen sech driwwer op, déi aner gënnen dem Guss dat bësse Fräiheet. An d’Zeitungen hunn eng nei Story.

D’Schwéngche kräizt op sengem Wee duerch d’Stad all déi, déi am Roman matspillen:

Do sinn d’éischt emol d’Eurokraten: d’Griichin Fenia Xenopoulou, déi gär wëll Karriär maachen, awer den onbeléifte Kulturressort krut an eng Feier fir de 50. Joresdag vun der EU-Kommissioun soll organiséieren, fir den Image vun der Kommissioun opzepoléieren, hire Kolleeg Kai-Uwe Frigge, mat deem si schléift, fir datt hien hir eng besser Plaz an der EU verschaaft, an den Éisterräicher Martin Susman, un deen d’Fenia d’Aarbecht fir d’Feier delegéiert.

Fir et direkt ze soen: Och wa Kompetenzrangeleien an Intrigen, wann déi ganz Machenschaften ëm d’Schwéngefleeschproduktioun mat Wëssen a Witz beschriwwe ginn, sou ass de Roman net als Karikatur vun der EU ze verstoen. Sécher gëtt d’Bürokratie op d’Schëpp geholl an och, wéi op all Niveau versicht gëtt, national Interessien duerchzesetze respektiv deenen aneren hir Iddien ze blockéieren, wat duerchaus grotesk Zich kann unhuelen, ma et ass kee Roman, deen d’EU a Fro stellt. Well hei gëtt op d’Grënnungsiddi vun der EU verwisen, an dat war eng ganz aner, wat duerch en zweete Grupp symboliséiert gëtt: Den David de Vriend, deen als Eenzege vu senger Famill den Holocaust iwwerlieft huet, an den eelere Professer Alois Erhardt, deem säi Papp en Nazi war an deen elo zu Bréissel seng Propose fir d’Léisung vun der Kris an Europa soll virstellen.

Vergaangenheet a Géigewaart, Tragik a Komik kräizen sech: Vun zwou Säite gëtt op eemol Auschwitz an d’Spill bruecht: vum Martin Susman als Plaz, fir de Jubiläum ze feieren, a vum Professer Erhardt als Haaptstad vun Europa.

Ma de Projet vun der Feier zu Auschwitz scheitert un nationalisteschen Interessien:

 

-       „Nie wieder Auschwitz“ ist gut und richtig. [ ... ]

-       Aber das ist kein politisches Programm.

-       Moral war noch nie ein politisches Programm.

-       Vor allem, wenn die Moral Konflikte produziert.

-       Genau: Der Rat könnte das nie akzeptieren: Überwindung der Nationen. Das hieße Krieg. Gegen die Kommission. Und Aufruhr der Menschen in allen Ländern gegen Europa.

An dann dréit den europäesch-nationale Karussell.

Schon am nächsten Tag rief der ungarische Außenminister seinen „geschätzten Kollegen und lieben Freund“, den österreichischen Außenminister, an und informierte ihn darüber, dass die Kommission unter dem Vorwand von Jubiläumsfeierlichkeiten einen Prozess einleiten wollte, der zur Abschaffung der europäischen Nationen führen würde.

Domat ass de Projet gestuerwen.

D’Figuren am Roman kéinte fir déi eenzel Länner stoen: Jidderee kämpft fir sech, jiddereen huet seng Iddien, Interessien, ma et gëtt do kee Mateneen, keng Solidaritéit. Eleng an op sech gestallt kënnt kee weider.

D’Buch ass eppes wéi e Puzzle: Et besteet aus villen eenzelnen Deeler, mol humorvoll a witzeg, mol erschrecken se, an um Enn entsteet e Bild, dat een nodenklech mécht:

„Auschwitz ist überall“, schreift de Robert Menasse: „Wir sehen es nur nicht. Wenn wir es sehen könnten, dann würden wir das Bizarre, das Zynische einer Normalität begreifen, die hier in Europa doch eine Antwort auf Auschwitz sein sollte, eine Lehre, die aus dieser Geschichte gezogen wurde."

A wat geschitt um Enn? Bréissel sicht en Numm fir d’Schwéngchen.

31/10/2017 Buch vun der Woch Myriam Welschbillig