Buch vun der WochDie Kinder

Eist Buch vun der Woch ass keent mat gudden Tipps fir seng Kanner ze erzéien, mä ''Die Kinder'' ass en Psychothriller vum Wulf Dorn.

© heyne
D'Marie Gales hat et bannent 2 Deeg gelies
12/12/2017 Buch vun der Woch: Die Kinder


An et weess ee vun Ufank un, dass eppes Grausames op een duerkënnt. Et kann net anescht sinn, d'Buch ass sou opgebaut, dass mat all Saz d'Spannung klëmmt. Op enger ofgeleeëner Strooss an de Bierger gëtt eng jonk Fra an hirem futtissen Auto fonnt, déi komplett duerch de Wand ass. An der Mall nach méi schlëmm: eng Kannerläich. D'Police zitt en Psycholog dozou fir e Sënn an der Geschicht ze fannen, déi vun der Fra am Auto, déi blesséiert iwwerlieft hat, erzielt gëtt. Si ass den Haaptpersonnage am Thriller a weess vun Ufank un, dass kee Mënsch hir gleewe wäert. Och hire Schwoer Patrick Lindner, deen um Wee zu senger Ex-Fra a senger Duechter war, an si am Auto fënnt, versteet net wat si do vu sech gëtt.

D'Geschicht ass spannend erzielt an och gutt geschriwwen. Den Tempo ass rasant an dreift u fir weider ze liesen.Et weess ee schliisslech méi wéi d'Police oder de Psycholog, déi net gleewe wëllen. D'Haaptgeschicht ass natierlech erfonnt, dat schreift den Auteur direkt zum Ufank vum Buch, allerdéngs d'Tëschegeschichten si reell a foussen op richtege Faiten, déi rezent a Pressemeldungen ze liese waren an déi hu mir d'Häerz gebrach. Kanner an Nout op der Welt, déi Geschichte ware fir mech de schwéiersten Deel vum Buch an hu mech dacks zu Nuesschnappech gräife gedoen. Dass d'Ongerechtegkeet u Kanner an hir ausgeliwwert Situatioun a dëser Welt vun Erwuessenen och net laanscht de Wulf Dorn ginn, weist dëst Buch an hien huet sech eng béis Geschicht ausgeduecht. Ech verroden Iech natierlech net, wéi hie seng Roserei op dës Welt verschafft huet. Ma si ass derwäert ze liesen, och wann ech net immens iwwerrascht war. De Schluss passt an deen hat ech mir sou net virgestallt. Wien en Häerz fir Kanner a Loscht huet op e Thriller, sollt ''Die Kinder'' liesen.

Nach e puer Wuert zum Auteur: De Wulf Dorn huet 20 Joer laang an engem psychiatresche Spidol geschafft, ir hien zum Schreiwe koum. No e puer Horror-Kuerzgeschichten, hat hien 2009 mat sengem Debütroman ''Trigger'' e Risen Erfolleg an zanterhier sti seng Bicher op den internationale Bestsellerlëschten. Haaptsujeten a senge Geschichte si Schold, Verloscht, dat alldeeglecht Béist a psychologesch Phänomener.