Buch vun der Woch"Kleine Stadt der großen Träume" vum Fredrik Backman

© Krüger Verlag
Direkt mat sengem éischte Roman ass dem schwedeschen Auteur Fredrik Backman den Duerchbroch gelongen. “Ein Mann namens Ove” war net nëmmen e Bestseller, mä och d’Adaptatioun fir de groussen Ecran gouf mam europäesche Filmpräis ausgezeechent. Säin neitstent Buch “Kleine Stadt der  großen Träume" spillt an enger Stadt fir déi hir Äishockeyequipe, "d'Bieren vu Björnstadt"  einfach alles bedeit . D’Bea Kneip stellt Iech et vir.

05/12/2017 Buch vun der Woch: "Kleine Stadt der grossen Träu
.



“An einem späten Abend Ende März nahm ein Teenager eine doppelläufige Schrotflinte in die Hand, ging damit geradewegs in den Wald, richtete die Waffe gegen die Stirn eines anderen Menschen und drückte ab.
Die nachfolgenden Geschichten erzählen, wie es dazu gekommen ist.”
Wann e Buch schonn esou ufänkt, dann erwaart een sech op d’mannst emol keen Happy End bei der Saach. An déi Stad an der d’Geschicht spillt, ass och net grad Hollywood. Björnstadt läit iergendwou am Norde vu Schweden, zimlech wäit vum Schoss a mat engem Klima un dat een sech fir d’éischt emol gewinne muss. Iwwerdeems huet d’Stad nawell besser Deeg gesinn: ëmmer méi Geschäfter a Betriber maache hir Diren zou, an och an der grousser Fabrik bei der déi meeschten Awunner schaffen, gëtt Personal ofgebaut.
Eppes ass de Leit awer bliwwen: hiren Äishockeyclub. Zemol d’Juniorsequipe déi et bis an d’Halleffinal vum schwedesche Championnat gepackt huet. Domat däerf och nees gedreemt ginn, zu Björnstadt; wann d’Equipe ronderëm d’Ausnahmetalent Kevin Erdahl d’Meeschterkroun géif mat heembréngen, da kéint an hirer Stad de regionalen Trainingszenter entstoen, an domat nei Aarbechtsplazen, eng Zukunft fir d’Stad vun de Bieren.
Wat awer elo nach kee vun hinne wësse kann, ass dass eppes op si duerkënnt, wat alles verännere wäert. An dass déi Evenementer schlussendlech dozou féiere wäerten, dass e jonke Mënsch zu enger Waff gräift.
Déi Fro déi een sech natierlech déi ganzen Zäit stellt, ass wien dréckt of,  wien ass d’Affer, a firwat?
De Star vun der Equipe ass de Kevin Erdahl, e Jong aus räichem Haus, an e fanateschen Äishockeyspiller.
De Benji ass dem Kevin säi beschte Kolleg, um Äis an och soss sinn si onzertrennlech.  
Den Amat gouf an enger Stad gebuer, an der et nimools schneit oder fréiert, an awer fillt en sech nëmmen um Äis wierklech wuel. Zesumme mat senger Mamm Fatima wunnt hien an enger butzeger Wunneng,  méi kënne déi zwee sech vun hirer Pai als Botzfra net leeschten.
Dem Maya säi Papp ass Sportdirekter vum Äishockeyclub, hat selwer spillt awer léiwer Gitar. D’Ana ass dem Maya seng beschte Frëndin, zënter hat him mat 6 Joer d’Liewe gerett huet. Och  hat huet net vill mat Äishockey um Hut. Zu Björnstad sollte Meedercher souwisou léiwer op de Gradinen sëtzen, als Supporter. Alles anescht wier net gutt gesinn, well alles soll jo seng Uerdnung hunn...
Ganz séier baut sech eng bedréckend Atmosphär op, an der Virurteeler, an eng permanent ënnerschwelleg Gewaltbereetschaft d’Liewen an der Gemeinschaft bestëmmen. Eng Spannung déi sech op katastrophal Manéier entluede wäert...an domat Björnstadt fir ëmmer verännert.
Et geléngt dem Fredrik Backman wuel fir de Lieser bei der Staang ze halen, trotzdem hätt de Roman net onbedéngt  500 Säite misste laang ginn.  Wat en awer perfekt beherrscht, ass dee Mix tëscht hellen an däischteren Téin, tëscht tragesche Momenter an Hoffnung. A wahrscheinlech ass et grad dee Mix, den dem Fredrik Backman säi Succès ausmécht.

“Kleine Stadt der  großen Träume” vum Fredrik Backman ass an der däitscher Iwwersetzung am Krüger Verlag erauskomm.