Buch vun der Woch"Morgen ist es Liebe" vun der Monika Maifeld

D'Feierdeeg sinn elo zwar bal em, mä bei dem kalen naasse Wieder dobaussen, ass dat nächst Buch, wat mer iech gäre géife virstellen, genee dat richtegt. Och d'Tiffany Saska huet sech doheem virun de Kamäi gesat an dem Monika Maifeld hiren éischte Roman "Morgen ist es Liebe" gelies.

MOrgen ist es Liebe
.



D’Alexandra eng Doktesch déi matzen am Liewe steet, fiert owes kuerz virun de Feierdeeg vun enger Chrëschtfeier heem. Ënnerwee verongléckt di jong Fra a léist bal hiert Liewen. Op der Onglécksplaz ass awer och de Martin ënnerwee, e Mann dee mat sengem Liewen ofgeschloss huet, an sech an dëser Nuecht d’Liewen huele well. Hien rett d’Alexandra a verschwënnt kuerz dono, huet sech awer direkt an d’Fra verléift. D’Schrëftstellerin Monika Maifeld huet hei zwee Protagoniste geschaaft déi sech zu engem ganz ënnerschiddleche Moment an hirem Liewen treffen an ouni deen anere wahrscheinlech nemmi géife liewen.
Morgen ist es Liebe ass der Monika Maifeld hiren éischte Roman. Publizéiert huet si awer schonns des öfteren. Joerzéngte laang huet sinn an der Gehirfuerschung geschafft an och schonn do vill geschriwwen.
D’Schrëftstellerei, déi zu Koblenz opgewuess ass an awer schonn zënter eng Rei Joren zu Lëtzebuerg wunnt, liest selwer vill, virun allem Liebesgeschichten. Dëst war dann och de Grond wisou si selwer e Liebesroman schreiwe wollt.Ma eppes steiert se awer ganz oft bei de klassesche Liebesromaner; dann, wann et eng klassesch Prënz Aschenputtel Geschicht ass.
An dofir ass et dann och net verwonnerlech, dat een am Buch zwee Charakteren erëmfënnt, déi sech absolut ob Aenhéicht begéinen an awer duerch hier Ëmstänn net mäi ënnerschiddlech kéinte sinn. Den Verlaf vum Buch ass scho beim Liese vum Klappenroman kloer an dat éischt Kapitel léist keen Zweiwel doru wei d’Geschichte ausgeet. Ma dorëms deet et net, mä villméi dorëms wei die zwee beienaner fannen. Spannung opbauen, Iwwerraschungen abauen an de Lieser mat der Geschicht fessele war de But.  Intressant Protagonisten ze schafe war dofir ëmsou méi wichteg.
Hier ass duerchaus bewosst, dat net jiddereen sech mat den Personnagen identifizéiere kann an net jiddereen  Empathie fir d’Haaptfiguren empfënnt. An och wann d’Personnagen alleguer fiktiv sinn, esou wei di ganz Geschicht, esou gëtt d’Schrëftstellerin awer zou sech och bëssi selwer am Buch erëmzefannen.
Et mierkt ee séier dat d’Monika Maifeld eng Romantikerin ass. Dofir ass dëst d’Buch fir éierlech ze sinn net fir jiddereen dat richtegt. Ma fir Leit déi gäre Liebesgeschichte liesen awer e ganz flott Buch.
An och wann ech meeschtens Krimie liesen, sou sinn ech frou , dat d’Monika Maifeld scho verroden huet dat et am Hierscht d’nächst Joer en zweet Buch wäert ginn an och dat drëtt Buch scho geplangt ass, selbstverständlech Liebesromaner.
"Morgen ist es Liebe" vun der Monika Maifeld ass beim Verlag Droemer-Knaur erauskomm
© RTL/ Tiffany Saska