Nei um BichermaartLëtzebuergesch richteg schreiwen - Elo hu mir den Duerchbléck

Aktualiséiert Oplo vum Amira-Louise Ouardalitou hirem Buch

D'Lëtzebuerger Sprooch erlieft och wéinst den neie Medien (wéi E-Mail an SMS) eng Renaissance. Wann et dorëms geet, eis Nationalsprooch ze schreiwen, ginn et awer nach ëmmer vill Leit, déi onsécher sinn. Dobäi ass d'Orthografie mat Hëllef vun e puer Grondregele liicht ze meeschteren. Dëst Buch, dat elo an enger aktualiséierter an ergänzter Oplo ze kréien ass, gëtt Äntwert op déi wichtegst Froen an erkläert d'Grondregelen op eng einfach an iwwersiichtlech Manéier. Um Schluss stinn eng Rei Exercicen, déi et erlaben, dat neit Wëssen z'üben an domat och méi liicht ze verhalen.

Dir wëllt eis Sprooch schreiwen, mee sidd Iech bei der Schreifweis net sécher – kee Problem, hei fannt Dir d'Äntwerten op Är Froen!

D'Amira-Louise Ouardalitou ass 1984 als zweet Kand vun enger lëtzebuergescher Mamm an engem tunesesche Papp zu Lëtzebuerg op d'Welt komm. 2007 huet si während hirem Bachelorstudium hir Fuerschung iwwert déi Lëtzebuerger Sprooch an Nordamerika ugefaangen, déi och de Schwéierpunkt vun hiren zwou Ofschlossaarbechte war. Säit 2012 ënnerriicht si déi Lëtzebuerger Sprooch am Institut National des Langues. Säit Juli 2014 ass si Member vum Institut Grand-Ducal, Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique a representéiert d'Lëtzebuerger Sprooch am Ausland op de Konferenze vun der EFNIL.

................................................................

Amira-Louise Ouardalitou: Lëtzebuergesch richteg schreiwen. Elo hu mir den Duerchbléck. Aktualiséiert Oplo. Broschéiert, 64 Säiten, 14,8 x 21 cm. Präis: 12 €.
ISBN: 978-99959-2-031-9.
An de Bicherbutteker an op www.editions.lu.