Buch vun der WochVier, zwei, eins

© Fischer Scherz
D’Erin Kelly huet sech en Numm gemaach als Autorin vum Filmbuch fir déi bekannte an erfollegräich Serie op der Tele „Broadchurch“, der Mörder unter uns. Dernieft huet si och nach fir Zeitunge geschriwwe wéi Elle, Cosmopolitan, Marie Claire, Sunday Times an och Daily Mail. Hiert  Buch „He said – she said“ ass 2017 op Englesch eraus komm, an dëst Joer dann och op Däitsch mat dem Titel „ Vier, zwei, eins“.

Am Buch vum Erin Kelly geet et em 4 Mënschen, 2 Wourechten an eng Ligen. D’Protagonisten sinn d’Koppel d’Laura an de Kit. De Kit ass faszinéiert vu Sonnendäischterten; hie versicht och kee vun dësen astronomeschen Evenementer ze verpassen. Zesummen mam Laura reest hien all Kéiers op déi Plaz op der Äerd wou een déi spektakulär Momenter am Beschten bewonnere kann.

Am Summer 1999 gëtt d’Laura op engem Festival, deen am Kader vun enger Sonnendäischtert organiséiert ginn ass, Zeien vun enger Vergewaltegung. De beschëllegte Mann huet alles ofgestridden. D’Affer huet sech am Ufank net geäussert. Dat Ganzt ass op d’Geriicht komm, wou dann och d’Laura an de Kit als Zeien hu missen aussoen. De Kit hat awer manner gesi wéi seng Frëndin. D’Affer, d’Beth an den Ugekloten, den Jamie sinn déi aner 2 Persounen em déi et am Buch geet.

No deem Prozess, wou den Jamie fir schëlleg fonnt ginn ass an an de Prisong komm ass, entsteet eng Frëndschaft tëscht dem Laura an dem Beth. D’Laura behält dobäi awer säi Geheimnis fir sech, datt hat ënner Eed gelunn hat viru Geriicht fir datt den Jamie och sécher hanner Gitter kënnt.

Als man mich aus dem Zeugenstand führte, hörte ich den Richter die Mittagspause verkünden, doch seine Worte drangen nur undeutlich zu mir, als spräche er durch Wasser. Vermutlich hätte ich auf Carol Kent warten müssen, floh aber aus dem Gerichtsgebäude, bevor sich das Atrium wieder füllte. Fast rechnete ich damit, dass mich uniformierte Beamte wegen Meineids abführen würden. Draussen holte ich tief Luft, während die Silhouette von Truro vor meinen Augen verschwamm. Am liebsten hätte ich mich vom Hügel in den Fluss gestürzt. (S. 125)

Des Ligen huet d’Laura déi ganz Zäit fir sech behalen. Hat huet sech och mol net dem Kit uvertraut. Als Lieser freet een sech ob dat déi Ligen ass, vun där am Titel rieds ass; zemools wëll d’Laura sech dowéinst ni frei gefillt huet.

D’Frëndschaft tëscht dem Beth an dem Laura zerbrécht awer. D’Laura an de Kit hunn sech komplett vun där Fra zréckgezunn; si si geplënnert a si hunn sech esou guer nei Nimm zougeluecht. D’Koppel huet och versicht keng Spueren am Internet ze hannerloossen, fir datt d’Beth si ni méi sollt fannen. An all dat well grujeleg Saache passéiert sinn.

Wat genee virgefall ass gëtt de Lieser nëmmen no an no gewuer. Am Ufank dauert et bis d’Spannung richteg opgebaut ass, mee dëst ass och noutwendeg, fir datt de Lieser bis an de klengsten Detail informéiert ass, fir och alles ze verstoen.

De Roman spillt an zwou verschiddenen Zäiten. Fréier fir ze erklären wat genee 1999 geschitt ass, an dann och an der Géigewaart, also 2015. Dann kritt een als Lieser zwou Vuen vun den Evenementer: engersäits déi vum Laura an anerersäits déi vum Kit. Dann ass d’Geschicht an 5 Deeler opgebaut, genee wéi ei enger totaler Sonnendäischtert: éischter Kontakt, zweete Kontakt, total Däischtert, drëtte Kontakt a véierte Kontakt.

D’Autorin huet et op alle Fall verstanen, e ganz spannenden Roman ze schreiwen, deen zwar net als Thriller verkaaft gëtt, dee mech als Lieser awer richteg gepaakt huet. Zemools wéi ech geduecht hat, et wär alles kloer, huet d’Erin Kelly nach eng Kiischt op de Kuch gesat: en allerleschte Stéck vum Puzzel, deen een awer als Lieser net vermësst hat, deen awer wéi en Hummer aschléit.

De Roman „Vier, zwei, eins“ vum Erin Kelly ass am Fischer Scherz Verlag eraus komm.