Lecture vun heiheem"Che Guevara war ein Mörder" Rafael David Kohn

"En Text dee provozéiert" dat schreift de Verlag Hydre éditions iwwer dëst Buch.

© Hydre éditions
Déi lescht Woch waren déi zwee prominent Schwäizer Literaturkritiker Nicola Steiner a Philip Tingler zu Lëtzebuerg op Besuch. Zesumme mat de Lëtzebuerger Kritiker Isabelle Spigarelli a Jérôme Jaminet hu si iwwer 4 Bicher diskutéiert, dorënner och dat heiten: "Che Guevara war ein Mörder" vum Rafael David Kohn. D'Bea Kneip erzielt Iech méi doriwwer.

07/11/2018 Lecture vun heiheem: "Che Guevara war ein Mörder"
.



En animéiert Sträitgespréich war sech erwaart ginn, an dat gouf et dunn och. Virop gesot: all Buch an all Auteur krut säi Fett ewech! Mä wat verlaangen d'Nicola Steiner an de Philip Tingler dann eigentlech vun engem gudde Buch? Wat ass méi wichteg, d'Sprooch oder d'Geschicht? Do hu si  ganz verschidden Usiichten, déi dann och zu grondverschiddene Beurdeeleunge féieren. Dem Rafael David Kohn seng Erzielung "Che Guevara war ein Mörder" huet bei hinnen awer emol guer net esou schlecht ofgeschnidden.
Mat nëmme 94 Säiten ass d'Buch zimlech kuerz gehalen, dofir awer ëmsou méi intensiv. De Protagonist ass e jonke Mann dem mer fir d'éischt begéinen, wéi e beim Aarbechtsamt op säin Tour waart. An der Zäit ouni Job huet en e gewëssen Haass, eng gewësse Roserei op d'Gesellschaft opgebaut, mä trotzdem ass e keen "angry young man" am klassesche Sënn vum Wuert. Well eigentlech wënscht en sech nëmme just dozou ze gehéieren, e ganz banaalt a gewéinlecht Liewen ze féieren. D'Geschicht ass allerdéngs alles anescht wéi banal. D'Form vum Stream of Consciousness erlaabt et dem Auteur fir an dëse kuerzen Text enorm vill eranzepaken. Haass, Gewalt, Resignatioun, Hoffnung, Hypocrisie, Moral, Relioun, e regelrechten Tsunami vu Gedanken a Gefiller brëcht iwwert de Lieser eran. An dat ass esou gewollt.
Et ass dem Lieser iwwerlooss fir weiderzedenken. Alles hannerfroen, dat spijelet sech och am Titel erëm. D'Figur vum Che Guevara huet de Rafael David Kohn grëndlech recherchéiert, hie war virun enger Rei Joren och op Kuba op de Spure vum argentineschen Dokter a Revolutionär ënnerwee.
De Rafael David Kohn ass haaptsächlech als Theaterauteur bekannt, an "Che Guevara war ein Mörder" kéint een sech och gutt als Monolog op enger Bün virstellen. Dat ass allerdéngs net geplangt. Geplangt sinn awer déi nächst Theaterprojeten, zum Beispill e Stéck dat de Rafael David Kohn als Auteur en Résidence fir den TNL schreift an dat géint Enn vun dëser Saison soll opgefouert ginn. Am Januar 2019 kënnt awer nach en aneren Text vun him als zeenesch Liesung op d'Bün vum Théâtre national: "Demandez au président"

"Che Guevara war ein Mörder" vum Rafael David Kohn ass bei Hydre éditions erauskomm. Den Interview den d'Bea Kneip mam Nicola Steiner a mam Philip Tingler gefouert huet, kann een iwwregens a voller Längt op rtl.lu lauschteren.
© RTL/Bea Kneip


Wat mécht e gutt Buch aus? E Sträitgespréich tëscht der Nicola Steiner an dem Philip Tingler um Mikro vum Bea Kneip
Sträitgespréich Steiner/Tingler
.