Buch vun der Woch"Der Hundertjährige der zurückkam um die Welt zu retten" vum Jonas Jonasson

Den Allan Karlsson ass zeréck! An och mat 101 Joer rëselt en d'Weltgeschicht nach eng Kéier zolitt duercherneen...

© Verlag C.Bertelsmann
Mat sengem Debutroman  "Der Hundertjährige der aus dem Fenster stieg und verschwand" hat de schwedeschen Auteur Jonas Jonasson 2009 en internationale Bestseller. Duerno koumen nach zwee weider Bicher eraus, déi et och allebéid an d'Bestsellerlëschte gepakt hunn. De Personnage vum honnertjähregen Allan Karlsson wollt den Auteur allerdéngs net méi opgräifen. Bis elo. D'Bea Kneip huet d'Detailer iwwer den neie Roman mam Titel: "Der Hundertjährige, der zurückkam um die Welt zu retten".   

04/12/2018 Buch vun der Woch: "Der Hunderjährige der zurückk
.



Et kann een net ofstreiden, dass déi Welt et néideg hätt, gerett ze ginn!  Ma wien dee gudden Allan Karlsson aus dem éischte Roman kennt, dee kéint emol drun zweiwelen, dass den eeleren Här do e Plang huet. An awer ass e jo bis elo ëmmer gutt gefuer, och ouni grouss am viraus ze plangen...Mir erënneren eis: am éischten Deel huet e säi beschte Kolleg, dee klenge Gauner Julius Jonsson, kennegeléiert an eng Walliss voller Sue fonnt. Déi Gangsteren deenen d'Waliss eigentlech gehéiert huet, kruten et net ronn, fir em déi nees ofzeknäppen, am Géigendeel, et ass net gutt ausgaangen, fir déi onéierlech Band...Dertëscht huet sech den Allan Karlsson ëmmer nees un déi éischt honnert Joer vu sengem Liewen erënnert, an deenen en ëmmer nees d'Geschécker vun der Welt mat bestëmmt huet, op déi eng oder aner Manéier. Um Enn vum éischten Deel war en zesumme mam Julius Jonsson an der ominéiser Walliss op Bali geland, wou et sech jo nawell aushale léisst...
E Joer méi spéit mussen déi zwee sech awer agestoen, dass och eng gutt gefëllte Valiss eng Kéier eidel gëtt...A wéi dunn dem Allan säin honnertéischte Gebuertsdag an d'Haus steet, ass et mat der Rou definitiv eriwwer. Bei enger Ballonfaart kënnt et zur Noutlandung am Mier, a si ginn ausgerechent vun engem nordkoreanesche Krichsschëff opgefëscht...A schonn nees steet den Allan Karlsson am Mëttelpunkt vun der Weltgeschicht. Mat vun der Partie sinn dës Kéier: déi Häre Kim Jong un an Donald Trump, schwedesche Spargel den op Bali wiisst, 500 Kilo ugeräicherten Uran, déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel, déi schwedesch Ausseministesch Margot Wallström, ausserdeem eng Doudeloude-Fabrikantin aus der Géigend vu Stockholm an divers Neonazien. Net ze vergiessen dem Allan säin neien Tablet-Computer an e Ruddel Léiwen aus der Serengeti déi alleguer hiert dozou bäidroen, dass d'Welt déi Kéier nach net ënnergeet.
Eppes muss een dem Honnertaneejäregen Allan Karlsson loossen: hien ass en Iwwerliewenskënschtler. A genee dat ass och dës Kéier säin Zil, nach e bësse weiderzeliewen. Déi Saach mat der Weltrettung leeft do nëmmen esou niewelaanscht. Den Humor ass genee deeselwechten mat dem den Auteur Jonas Jonasson bis elo schonn esou vill Erfolleg hat. An et deet gutt emol iwwer eppes laachen ze kënnen, wouriwwer een eigentlech léiwer kräische géif. Et muss een allerdengs iwwert e puer Längten an och Ongereimtheeten ewechkucke kënnen, wéi zum Beispill, dass den Här Karlsson an deenen 12 Joer tëscht 2005 an 2017 offensichtlech just ee Joer méi al ginn ass..Mä dat ass nëmmen eent vun deene ville Geheimnisser vun dem Honnertjähregen den zeréckkoum fir d'Welt ze retten...

"Der Hundertjährige der zurückkam um die Welt zu retten" vum Jonas Jonasson ass an der däitscher Iwwersetzung am Bertelsmann Verlag erauskomm.