Lecture vun heiheem"Geisterbahn" vun der Ursula Krechel

"Geisterbahn", den neie Roman vun der Ursula Krechel,erzielt d'Geschicht vun der Tréierer Sinti-Famill Dorn vun den 1930er Joren bis haut.

© Jung und Jung
An eiser Lecture vun heiheem si mer haut eng Kéier just déi aner Säit vun der Grenz ënnerwee. D'Ursula Krechel gouf 1947 zu Tréier gebuer. An hire Romaner thematiséiert si dacks d'Zäit vum zweete Weltkrich, awer och d'Joren duerno. E grousse Succès hat si mat "Shanghai, fern von wo" wou et em d'Schicksal vun deene ronn 18000 Judde geet, déi a China geflücht waren. Fir hire Roman "Landgericht" krut si 2012 den däitsche Buchpräis. Hiert neiste Buch mam Titel "Geisterbahn" spillt zum Deel och zu Lëtzebuerg. Am November war si op Invitatioun vum Institut Pierre Werner hei am Land. D'Bea Kneip huet sech mat hir ënnerhalen.

Geisterbahn
.



Vun den 1930er Joren bis haut zitt sech d'Handlung vun der Ursula Krechel hirem neie Roman "Geisterbahn". Zentral ass dobäi d'Geschicht vun der Famill Dorn, enger Sinti-Famill déi als Forainen hir Sue verdéngen. E Beruff den och am Titel "Geisterbahn" evokéiert gëtt.
Och no den däischtere Krichsjoren mussen sech déi Iwwerliewend mat de Geeschter vun dëser Zäit ausenanersetzen. D'Famill Dorn huet am Lager 5 vun hire Kanner verluer, hir Duechter Kathi gouf zwangssteriliséiert. Déi jonk Kommunistin Aurelia Thorgau, iwwregens eng historesch Perséinlechkeet, huet Auschwitz iwwerlieft, kann sech awer ni méi richteg erhuelen. Aner Famille stoungen op der Säit vun den Täter.D'Buch ass a 5 grouss Kapitelen ënnerdeelt. Dat 4t Kapitel mat der Iwwerschrëft "Kleine Körper" situéiert sech nom Krich, a gëtt aus der Siicht vun dem deemools 7 Joer ale Bernhard Blank erzielt, den zesumme mat de Kanner vun de Famillen Dorn an Thorgau an d'Schoul geet. Säi Papp, den en ëmmer nëmmen als MEINVATER a Groussbuchstawe bezeechent, huet als Polizist am Krich wuel eng ganz aner Roll gespillt.
Villes steet am Raum ouni jeemools ausgeschwat ze ginn. Och nom Krich ass nach laang net alles eriwwer, Entschiedegunge ginn  et kaum oder guer net, vill vun den Affer bleiwe sech selwer iwwerlooss. Dat war zu Tréier net anescht wéi an aneren däitsche Stied. D'Ursula Krechel, déi jo selwer am Schiet vun der Porta Nigra opgewuess ass, léisst en Deel vun hirem Roman awer och zu Lëtzebuerg spillen.
Empathie, awer kee Pathos, sou kann een der Ursula Krechel hiren Erzielstil beschreiwen. Dat wat si ze soen huet, ass schlëmm genuch, zemol sech den Haass vun deemools bis an déi heiteg Zäit eranzitt. Wien an eng Geeschterbunn eraklëmmt, dee kritt Schlëmmes ze gesinn. Um Enn fiert de Weenchen awer nees aus dem Tunnel eraus an d'Luucht. Villäicht gëtt et jo Hoffnung.

"Geisterbahn" vun der Ursula Krechel ass am éisterräichesche Verlag Jung und Jung erauskomm
© RTL/Bea Kneip