Nei um BichermaartLosch Luxembourg - Unternehmensgeschichte über Gründer, Macher und Menschen

Wat als kleng Garage um Lampertsbierg ugefaangen huet, huet sech zu engem Stéck Automobilsgeschicht zu Lëtzebuerg entwéckelt.

D'Rees vun der Garage kann een elo an am Buch "Losch Luxembourg – Eine Unternehmensgeschichte über Gründer, Macher und Menschen" entdecken. D'Wierk vun 380 Säiten ëmfaasst sämtlech Plazen, op deenen un de Succès ugeknäppt gouf, iwwer Mënschen an hir Dreem.

D'Grënnungsgeschicht ëm de Martin Losch a sengem Bréif am Joer 1948 un d'Direktioun vu Volkswagen, ass nëmmen eng vun de ville Geschichten, déi am opwänneg gestalte Buch an 8 Kapitelen op de Pabeier geschriwwe goufen an d'Entstehungsgeschicht vu Losch mat Zäitzeien, hiren Erënnerungen a bis ewell onverëffentlechte Biller resuméiert.

D'Buch ass net nëmmen e Réckbléck, mä och en Ausbléck. Wie sinn d'Mënschen, déi hannert dem Numm Losch stiechen? Wat huet et mat digitale Laboen, Héichvolt-Experten a virtuelle Showroomen op sech? Och der Zukunft vu Losch gouf am Buch de Bols gemooss.

Dat héichwäertegt Buch kritt een a sämtleche Librairien hei am Land a bei Éditions Guy Binsfeld. Den Erléis geet integral un d'André Losch Fondatioun, dee fir e gudden Zweck bestëmmt ass.