Lecture vun heiheem"Nichts zu danken" Isabel Spigarelli

© Editions Saint Paul

D’Isabel Spigarelli huet mat hire knapps 20 Joer elo schonn hirt zweet Buch erausbruecht. D’Bea Kneip huet sech mat der jonker Schrëftstellerin iwwer hire Roman “Nichts zu danken” ënnerhalen.

02/04/2016 "Nichts zu danken" Isabel Spigarelli
.


[

„Nichts zu danken“ vun der Isabel Spigarelli ass bei den Editions Saint Paul erauskomm. Den nächste Mëttwoch 6ten Abrëll owes um 8 Auer ass iwwregens och eng Liesung zu Suessem am "Ale Museksall", zesumme mat  der lëtzebuergescher Muséksgrupp IRINA. Den Entrée ass fräi



Dëst an dat:
Dat éischt Buch vun der Isabel Spigarelli, mat 4 Erzielungen, ass 2012 ënnert dem Titel "Der Versuch zu sein" bei den Editions Saint Paul erauskomm.
Déi elegant Damm um Cover vun "Nichts zu danken" heescht Josephine. Si war d'Bomi vun der  Auteure an ass 2013 verstuerwen.