Eis Sprooch mam Lex Roth‘Sprooch-Helleger’

Wien sech eng Grimmel Gedanken iwwer eis Sprooch a besonnesch dat geschriwwent Lëtzebuergesch mécht, dee kënnt net laanscht de Michel Lentz, den Dicks an de Rodange. Dat ass och eng ganz richteg Uluecht, well déi dräi Schreiwerte sinn de Stack vun deem, wat mir, beim  néidege Luestrëppelen, als Lëtzebuerger Literatur kënne kucken… esouguer och wann dat éischt gedrécktent ‚Buch‘  ronn 20 Joer éischter erauskomm ass: dem Tunn Meyer säi ‚Schréck op de Lëtzebuerger Parnass‘… e villzevill glënneregen Titel fir en Heftche vun net grad 40 Säiten am Format ‚Postkaart‘.

Den Dicks (*1824) huet laang duerno an engem Spunnesgedicht dem ‚Lentze Mich‘ dohinnergebass: „Kuck wou s de stees a wien s de bass, den Zolverknapp ass kee Parnass“, wat am Fong éischter op dem Universitéits-Mathematiksprofesser Meyer seng bannen a bausse knubbeleg  Verse gepasst hätt (huet dir seng Plack um Gebuertshaus, op N°5 an der Dräkinneksgaass iwregens ewell gesinn?).Den Dicks an de Lentz, zesoe bal Nopeschjongen (Knuedeler), hu gemaach, wéi wa keen eppes vun deem anere geng wëssen…ower am Turn- an Theaterveräin, der ‚Gym‘, souzen si niefteneen… zwéin dichteg Männer; ower, gelldir, dee klenggepierpelten ‚Handwierksnäid‘. Dee soll et jo nach haut ginn. Schued.

Den Edmond de la Fontaine ass dann och dee vun eisen 3 ‚Sprooch-Hellegen‘, deen als éischte bei de Leit ‚ukënnt‘… net mat engem Buch, mä mat Theaterstécker: Wat hie selwer alt esou vum Gangler a vum Diedenhofen gehal huet? Mir wëssen et net. An: wien huet déi Zäit  schonn e Buch, z.B. eisen éischten Dicionnaire vun 1847, kaaft?! Dat verhënnert  net, datt mir haut dem Gouverneursjong seng ‚Saachen‘ och nach am Gedréckte kréien; datt seng Liddercher mat Begeeschterung geschmuttert ginn! Intressant ass och nach dat hei: Den Dicks weist – trotz dem Hank fir d’Lëtzebuergescht – an sengem ganze Wierk am Fong keng speziell Oder vu Léift fir seng Heemecht. Iergendwéi huet hien als ‚Patrizier-Jong‘ net op deer Gei spille geléiert; net ze spille brauchen; d’Gesellschaft vun deemools war, vun haut aus gekuckt, eng ganz gelungen – dat   liest sech liicht aus der Professesch Josiane Weber hirem monumentale Wierk iwwer déi ‚besser‘ Famillen eraus. Den Dicks war nun emol deer ‚Décker‘ een, an et kënnt ee bal mengen, him wier alles zimlech egal gewiescht, wat hei am Land a rondrëm esou geféierlech geramoschtert huet. Denkt un 1848 oder un 1867.

Dem Michel Lentz (*1820) huet seng Heemechtsléift bis an d’Schanke gesiess. Him verdanke mir jo dann net ëmsoss de ‚Feierwon‘, den Text vun eisem Nationallidd (‚Heemecht‘), oder ‚An Amerika‘; et muss een zouginn, datt seng sproochlech a romantesch Oder heinsdo mat him ‚doduerchgeet‘. De Lentz huet als héige Beamte souzesoe matzen am ‚Epizentrum‘ vun all deem geschafft, wat sech ëm dee kleespere Grand-Duché geréiert huet; dat mengerwärreg net ze knapps! De Staatsminister Paul Eyschen – aus verschiddenen Ursaache keen apaarte Frënd vun der Famill de la Fontaine/Dicks! – huet net fir näischt esou déck Stécker op ‚säi‘ Lentz gehal! D’Monument op der ‚Plëss‘ ass Zeien.

De Michel Rodange (*1827) ass kee Staadter Jong wéi de Lentz an den Dicks. Hie kënnt vu Waldbëlleg, aus engem ‚klengen Haus‘; de Papp war ‚Napoleonsdénger‘ an huet sech an seng Famill duerno als Schouster duerchgeschloen; do gëtt et also kee Verglach mat sengen 2 Schreiwer-Kollegen. Si hunn och keng Notiz vun deem ‚hiergelafene Bauerejong‘ gehol, och wann si säi REENERT oder LÉIERCHEN dach bestëmmt kannt hunn… dat an der Qualitéit vu Sprooch an deem ‚Banneschten‘ e gutt Stéck vir war. De Cornel Meder, en zolitte Germanist, fënnt iwregens och dem Rodange seng däitsch ‚Saachen‘ absolutt net schlecht; dat seet genuch! Natierlech verbanne mir den Numm ‚Michel Rodange‘ direkt mam REENERT; wien eis Geschicht vum 19. Joerhonnert kennt, fënnt direkt eraus, datt den ‚Nannets-Méchel vu Bëlleg‘, dee verhënnerte Schoulmeeschterchen a ‚bessere Cantonnier‘ vun deenen 3 Sprooch-Hellegen am meeschten ‚drop‘ hat.

Eis Sprooch vun ‚ënne bis uewen‘

Wat ass dat dach ‚einfach‘ gewiescht, wéi och déi ‚auslännesch‘ Kanner an der Zäit an eis Schoule komm sinn; gewëss: si waren net ztu sou ‚dacks‘ an haten och hirt Krämpes mat dem Sproochsystem an de lëtzebuergesche Schoulen… wat ower net verhënnert, datt mir op berufflechen an esou guer politeschen Niveauën deer allerdichtegster Leit fannen, déi aus Famillë kommen, wou kee Lëtzebuergesch geschwat huet an och knapps een hinnen ‚hëlefe‘ konnt; dat sëllechen Däitsch am ‚Primär‘ war e Gruef, iwwer deen der vill net gutt komm sinn. Am Franséische waren d’Kanner aus de romanesche Sproochfamillen de klenge Lëtzebuerger zimlech séier iwwerleeën; mä esou ëm dat 5.Schouljoer huet sech e gewëssent Gläichgewiicht gemaach… si hunn am Schoulhaff alleguer LËTZEBUERGESCH geschwat! D’Ëmstänn vun haut sinn anescht… mä net ouni Hoffnung!

D’Propos, deenen engen 2 Stonnen d‘Woch Däitsch an deenen aneren 2 Stonne Franséisch fir déi 3 éischt Primär- pardon Grondschouljoeren - an de Programm bäizesetzen, ass vu gaaaaaaaaaanz dichtege Leit vru Joer an Dag ënnert den Dësch fale gelooss ginn. Zënter datt d’Spillschoulen déi gakeg Nimm ‚Précoce/Préscolaire‘ kritt hunn, ass d’Saach natierlech net manner komplizéiert ginn. Et ass a bleift ower wouer, datt een d’Männien an d’Mausien aus enger halwer Dose verschiddene Mammesproochen ower nëmme mat enger an deerselwechter Sprooch un ‚integréiert‘ Fonctionnéire kritt: Dat ass nun emol d’Lëtzebuergescht. D’Experiment mam Franséischen am ‚Mini-Alter‘ ass dofir, entschëllegt: laanscht all Dill!

Sproochen ‚an der Kopp‘

Eis Sproochsituatioun ass fir e sougenannten ‚normale‘ Mënsch vun Hamburg, Lyon, Barcelona, Faro, Manchester asw. einfach net matzekréien. Déi meescht kennen a kënnen nun emol nëmmen déi Sprooch, mat deer si opgewuess sinn; dat an engem Ëmfeld, wou et och praktesch keng aner gëtt… bis op dat e bësse ‚Bretz-Englesch‘, dat jo haut iwwerrall geeschtert.

Et ass och net nei, datt déi éischt Sprooch, an deer een sech ‚artikuléiert‘ huet esouguer am Gehier eng eege Regioun huet, wat japanesch Wëssenschaftler ewell vru 40 Joer am ‚Courrier de l’UNESCO‘ explizéiert hunn. Jidfer méi spéit geléierten ‚Idiom‘ kreest am Kapp rondrëm déi Sprooch, déi eis éischt war, souzesoen eis ‚Primärsprooch‘.

Mat de Mëttele vun haut sinn ‚se‘ dann nach méi wäit: D’Villsproochegkeet (Polyglossie) soll en direkt positiven Afloss op de Risiko ‚fir Alzheimer‘ hunn… Wann dee Komplex keng Invitatioun fir eis Statistiker ass… an eng Chance fir d’Lëtzebuerger!

„Bei äis doheem…

…guff ni esou gesot“, héiert een dacks, wann engem e Wuert oder en Ausdrock net bekannt ass. Dat giff heeschen, datt soss jidderee misst de komplette Vocabulaire/Wuertschaz aus senger ‚Mammesprooch‘ kennen. Mä dat ass net esou! Dir kënnt iech dach net virstellen, datt all Fransous, jidfer Däitschen oder Spuenier de ganzen Dictionnaire vun ‚senger‘ Sprooch ‚an der Kopp‘ hätt. Normalerweis sinn am Sproochkuerf vum gewéinlechen ‚Hausgebrauch‘ héchstens 3 000 Wierder; dat hänkt natierlech och erëm vum sougenannten ‚Niveau‘ bannent enger Famill an dem Ëmfeld of; hei wiere mir dann um Gebitt vun der ‚Soziolinguistik‘, e Wull- a Bitzkuerf, an deem onheemlech vill Intressantes ass.

D’Sprooch déi mir ‚drop‘ hunn, huet sech aus enger ganzer Rëtsch Ëmstänn eraus entwéckelt. Dat geet ewell domat un, ob d’Elteren an d’Gesëschter ‚Babbeler‘ oder deer ‚Verpëtztener‘ waren, ‚deenen d’Ried net esou gutt kënnt‘.Et spillt och mat, vu wou d’Elteren hier sinn, an dat net nëmmen uertschaftsméisseg, mä och sozial oder intellektuell. Déi nächst Etapp ass dann natierlech d’Schoul op all hiren Niveauën… do ‚schnape‘ mir e Quascht Wierder/Ausdréck, déi ni bei äis – am duebele Sënn – doheem waren. Aus den eenzele Fächer bleift Sproochmaterial hänken, vun deem mir äis herno emol guer net méi bewosst sinn, vu wou mir et hunn. Deen allergréissten Afloss (genee dee richtegen Ausdrock!) hunn d’Sproochfächer an d’Literatur…do bleiwen Dosenden an Honnerte vu ‚Vokabelen‘ an eisem Verhalt, ouni datt mir se jee ‚geléiert‘ hätten… och wann si ‚doheem‘ a vun der Mamm ni oder anescht gebraucht gi sinn. Dat ass a kuerzen an einfache Sätz e Stéck Explikatioun, firwat de Sproch vun hei uewen net stëmmt.

 

Am Fréijoer (Schreifweis 1999)

Am Rambeli dofte Vioulen;

et fale vum Himmel Trioulen

a Wolleke joen am Bloen

a Spëtze sti gréng un den Hoen.

 

An d’Wisen a stëllem Getrentel

am Liichteschäi stécken hir Mäntel

a Blumme sti muerges ze wénken

dem Babbelbur ënnert de Jénken.

 

Wéi schleefe meng Beien de Pollen!

Wéi glëtzert de Plou an de Schollen!

Voll Doft ass de Gaart an de Flouer

An d’Häerzer voll Lidder wéi d’Ouer.

 

O Wiewen! O Wonner! O Liewen!

Ech wëllt wéi de Päiperlek schwiewen!

Mäin Häerz, o et léisst sech net zëssen:

All Blat an all Bléi well ech këssen.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.