Eis Sprooch mam Lex Roth1867 – einfach ‘verzielt’

Et muss ee keen ‘Historiker’ sinn, fir sech Gedanke rondrëm ‚eis‘ Geschicht ze maachen. Mir haten an hunn deer dichteger Leit eng ganz Rëtsch, déi äis d’Joerhonnerten aus dem ‚ff‘ esou gutt an am Eenzelen explizéieren, datt de bluddegen Amateur de Fuedem verléiert… vläicht och d’Flemm eng Grimmel kritt. Et kann och sinn, datt déi allermeescht vun äis doduerch net richteg verstin, wéi ‚mir‘ guffen, wat mir sinn… vrun allem, wéi mir dat bliwwe sinn.

De ‚Wiener Kongress (1815)‘ ass 2015 fir seng 200 Joer zimlech am Biischteschaf stoe gelooss ginn. Datt do den hollännesche Kinnek ‚äis‘ quasi als Kniddelche mat op säi perséinlechen Teller geluecht krut, hat eng gutt Säit: Lëtzebuerg guff, als ‚Grand-Duché‘ en eegent Land; dat huet net verhënnert, datt ‚mir‘ 1839 d’Halschent vun ‚eisem‘ Gebitt erëm ofgekëppt kruten… mä no deer Schnëppelerei war et da Schluss, a mir hunn eis ronn 2600 km2 bis haut definitiv behal. 

An deenen 30 Joer duerno, an ënnert den 3 Oranier-Wëllemen ass e sëlleche geschitt, dat natierlech intressant ass, mä ganz gär dronkeg mécht. Datt déi Zäit dat eréischt entstan ass, wat mir haut ‚Däitschland‘ nennen, hu mir net grad all ‚op der Lee‘, mä et war dem Bismarck seng Aarbecht, fir Nord- a Süddäitschland an ee ‚Ställchen‘ ze kréien. An dat preisescht ‚Geméch‘ fällt dann och de Krich géint Éisträich… aus deem den Napoléon III sech brav erausgehal huet (den Adolf vun Nassau a spéidere Groussherzog vu Lëtzebuerg ower net); dofir hat den Oranier souzesoen eng ‚Kamell‘ zegutt. De Bismarck huet iergendwéi en A zougedréckt, wéi de Fransous dem Wëllem III säi Wutz Grand-Duché wollt fir 5 Millioune Gulden ofgotzelen. Wat do u komplizéierten, diplomateschen an aneren oppenen a verhuelene Geschichte gelaf sinn, kann een tujelech maachen, deen sech just fir d’Haaptlinnen intresséiert. Ower de preiseschen Otto huet ës duerfir vu Stëppeler aus dem Deutschen Bund kritt… an d’Fanger ewechgelooss. Dat huet den ‚Nabot‘ – wéi de Victor Hugo deen Neveu vum ‚richtegen‘ Napoléon genannt huet – esou ëm 1866 op de Beemche gedriwwen, datt e Krich mat de Preussen ewell deemools prett war… dofir war dann am Mee 1867 déi ‚Saach‘ mam Londoner Traité. 

Mir wëssen, datt déi Saach zu London zimlech gutt fir ‚äis‘ ausgaang ass, och wann d’Festung Lëtzebuerg op d’Manéier vun engem ‚vorauseilenden Gehorsam‘ ze séier an zevill radikal, e bësse wéi e Maulepskoup ‚geschleeft‘ guff; och wann dat bis haut seng Virdeeler ka gehat hunn. Wat ower net genuch beduecht gëtt oder bekannt ass: d’Roll, déi ‚Russland‘ bei deer Londoner Saach gespillt huet. Déi hollännesch Kinneke vun Oranien-Nassau sinn direkt Famill mat de russesche Romanow-Zare gewiescht; bannent de Famille gëtt et och ‚Guddes‘: dem Wëllem II seng Fra war d’Duechter vum Zar Paul  an domat d’Schwëster vun deem sengem Jong an Nofolger; d’Dynastië Romanow, Oranien-Nassau a Sachsen-Weimar stonge sech esou no wéi nëmme méiglech… natierlech och de Brudder vum Wëllem III, ‚eise‘ gudde Prënz Hary. Ouni deen a seng Fra (Amalia) giffe ‚mir‘ haut als eegene Staat net existéieren. Mat handgeschriwwene Bréiwen – déi ‚do‘ sinn! – huet hien déi 2 Lëtzebuerger Ministren de Tornaco a Servais zu London ënner Damp an Drock gesat, déi sech aus gewëssen Ursaache net sënnerlech ‚wéi gedin‘ hunn. Den Traité vu London, deen an den 3-Eechelen ausgestallt ass, guff iwregens net vu ‚gekrönten Häuptern, mä vun hire Vertrieder ënnerschriwwen. Mä dofir huet de Prënz Hary vun Oranien-Nassau ganz sécher, op d’mannst a senger Gemeng Walfer, e Büst als Merci vun eisem Grand-Duché zegutt.

Esou niewebäi: Wien dem Michel Rodange säi Reenert wëllt verstoen, grad ewéi dem Michel Lentz seng patriotesch Oder – iwregens ass eist ‚Mir wëlle bleiwe wat mir sinn‘ net fir déi Geleeënheet, mä 1859 fir den éischten Zuch entstan! – dee soll sech eng Nues voll vun eiser Geschicht aus deer Zäit huelen. Gelungenerweis schéngt den Dicks net dorop ‚gelaut‘ ze hunn. Wa mir da mat Recht eng Grimmel feieren, solle mir äis zwar freeën… ower wësse FIRWAT.

Wéi gesot: Dat hei soll ‚verzielt‘ sinn…well dat am beschten am Verhalt bleift.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.