Eis Sprooch mam Lex RothWie séngt mat?

Et gëtt Plazen, wou nawell gär gesong gëtt; net als Chouer oder Veräin, mä einfach wou Leit zesumme sinn an sech e bësse wëlle freeën. Firwat soll z.B. net an engem Bus gesonge ginn, wann e Veräin ‚op den Tour‘ geet? Firwat sollen eeler Leit an engem Senioren-Haus sech net kënnen un e puer Lidder erënneren an déi dann zesumme sangen… ower d’meescht klappt et net esou richteg mat de ‚Wierder‘, gelldir. Deem kann opgehollef ginn, wann een dat Bichelchen huet, dat mir mat eiser Actioun fir d’Lëtzebuergescht elo well an enger 5. Editioun nogedréckt hunn… dat geet wäit iwwer 25 000 deer Lidderbicher eraus! Firwat sollen dann och d’Direktiounen an deenen Haiser oder de Comité vu Veräiner keng ‚Kollektiv-Bestellung vun deem Buch ‚EISER LIDDER‘ kënne maachen an hire Leit se ‚stellen‘. Näischt géint e franséischt (Frère Jacques), däitscht (Lili Marleen) oder esouguer englescht (My Sunshine…) Liddchen, mä mir hun ‚eiser‘ Lidder maandelweis, an déi allermeescht fannt dir an deem Buch, vun deem d’Deckelsäit hei drënner steet. Dir kritt et a jidfer Bicherbuttek, oder kënnt et direkt bei der Actioun-Lëtzebuergesch bestellen (Tel. 470 612). Eenzel kascht et 10 €; an enger Gruppebestellung vu wéinstens 10 Stéck bezuelt dir 8 €…esouguer manner wéi…eng Pizza!




Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.