Eis Sprooch mam Lex RothIesse-Kascht

Et ass zimlech normal, datt mir keeen décken Drulles voll ‘eiser’ Rezepter hunn; doduerch ass eis Sprooch och net ze ‚déck do‘, wat ‚Zopp an z’iessen‘ ugeet. Wat mir esou ‚eises Kascht‘ nennen, ass vrun allem gutt noneegemaachtent Iesse vu ‚ronderëm‘… do hunn d’Lëtzebuerger keng zwou lénks Hänn! Mä kloererweis spillt eis Sprooch do eng Roll: Huelt z.B. eis Bouneschlupp: déi gitt dir ëmsoss an deer seemeger Qualitéit an Däitschland, der Belsch oder dem Frankräich sichen; den Numm ass absolutt eemoleg!. Eng ‚soupe aux haricots /Bohnensuppe‘ ass nach laang keng Bouneschlupp…dir braucht nëmmen d’Rezepter aus Kachbicher vun eisen Nopeschlänner  opzeschloen, esou ‚geschméicheg wéi d’Bouneschlupp an eisem bekannste Kachbuch (vum Ketty Thull) gitt dir knapps sichen; iwregens hat eis Boomchen och nach esou hir kleng extra ‚Tricken‘, déi just hir Bouneschlupp onverwiesselbar gemaach hunn, z.B. mat e bësse gebränzeltem Miel, mat klenggeschniddene Poretten dran, hirem butzege Kraidergeheimnis asw. Déi ‚hausmaacher‘ Fassonge fanne mir och bei engem Rënds-, Kallefs- oder Schwéngsragoût, deen dir ëmsoss an engem Restaurant esou siche gitt, vrun allem well hie lues op eise Kachmaschinne ‚goe gelooss‘ gëtt; dat dann och nach mat deene klenge ‚Bäisätz‘ an der Zos…eieiei!

Dir kritt knapps éierewou eng Wäinzossiss, wéi mir se kennen an noneemaachen, z.B. mat enger Lëtzebuerger Moschterzos, dee eng kleng ‚Spëtzt mat Bratzele krut; wann dann och nach e Gromperepürree à la Bomi/Mamma dobäi ass…dann hippt esouguer e Baul Bocuse hannendrun, a mir brauche keen ‚Thüringer ze fäerten. De Kachkéis, mat deem nawell gär e bëssen iwwerhieflech den Uz gemaach gëtt, kann ee selwer ‚op Lëtzebuergesch‘ esou schneekeg (ëm gottebiddeswëll net LECKER) noneemaachen, datt mat enger ‚cancoillotte‘ praktesch kee Verglach méi dran ass. Firwat fanne mir d’Rezept dovun a kenger Zäitschrëft?

Gesolpertes (iwregens eiser typescher Ausdréck een!) vun hei, aus enger gelleg Lëtzebuerger Mautsch (Solper!), kritt dir net aus enger Elsässer ‚saumure‘; dofir kann een sech qualitéitsméisseg roueg op eist Sauermous mat Pürree a gesolperte Schwéngsstéckelcher verloossen…dofir brauche mir glat net op Stroossbuerg ze goen…ëmmer virausgesat, datt eng zerguttst Kächen/ e Kach dat wierklech op lëtzebuergesch gemaach huet. Natierlech ass esou eng Schlabäizchen nach ‚villméibessergutt‘, wann se mat enger giedleger Liewerkniddel, eiser Wirschtercher a Mettwurscht garnéiert ass…dofir brauch keen den Zuch ze huelen oder 250 km Autobunn auszehalen…d’Fro ass, och hei am Land, ëmmer déiselwecht: Wou kritt een dat, a wou am beschten? Eng Chance dofir läit a jidfer Kichen, wann do e Mënsch ass, dee Freed um Gekachs huet an och anere gär gesond frou mécht. Iwregens: Huet dir ewell zu Wien e ‚Frankfurter‘ giess…an zu Frankfurt e ‚Wiener‘, vläicht ‚cervelat‘ am Frankräich?…Do kënnen eis säfteg Wirschtercher sech roueg weise loossen; hei, a bei der ‚Lyoner‘ hu mir de klassege Fall vun deer Mëschung, déi eis Metzlechgesellen an der Zäit aus Frankräich an Däitschland vun hirem ‚Tour‘ matbruecht hunn!

Mat all deene schéine Kachbicher, déi hei zënter 20 Joer erauskomm sinn, huet jiddereen d’Méiglechkeet, eng Maandel voll ‚eises‘ Kascht ze maachen an him de richtege Lëtzebuerger Numm a Goût ze ginn; sief et, wéi gesot, beim Ketty Thull, beim Tun Nosbusch, beim Maischi Thibessart oder beim National-Léa an aneren…mir fannen iwwerall (bei engem méi ewéi beim aneren) Elementer vun enger geschméicheger, gesonder an intressanter Kacherei, déi der ganzer Famill, de Frënn an apaart de Kanner eng Freed an e Sënn fir ‚Häisserlechkeet‘ a genëssege Goût ka maachen…aplaz äis bal an engem Stéck iwwer ‚Fastfood-Gejicks‘ a Spruddelzockerwaasser ze iergeren. Et kënnt ee bal soen: Bleift roueg bei der Heck!


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.