Eis Sprooch mam Lex RothA wie si mir dann?

Dat ass esou eng Fro, déi kënnten sech d’Leit aus der Bourgogne, dem Lécker Land, bei Münster, rondrëm Utrecht asw. grad esou ‚rhetoresch‘ stellen, dat heescht, ouni eng klassesch Äntwert ze ginn… oder vun aneren ze kréien. Et ka jo kee léien, datt déi verschidde Géigenden aus dem Frankräich, der Belsch, der Bundesrepublik, Holland an anere souveräne Länner Ënnerscheeder opweises hunn. Nëmme klenggetëppelt Geeschter kënnen doran eppes Negatives fannen, Nationalismen, Fanatismen, asw. Dat, wat si (an äis) alleguer vun enaner ënnerscheet… ass just dat, wat déi eng fir déi aner intressant an esouguer sympathesch maache kann… souzesoen eist Mateneen an Europa. Si sinn all op hir Fassong verschidden a keng méi wéi déi aner. Mir och net. „E pluribus unum“ ass de Wopesproch vun den USA!

Natierlech gëllt dat och fir déi kéipweis Ënnerscheeder an de Sprooch-gewunnechten. Et verhënnert an deenen eenzele Länner net, datt si eng bestëmmte Mëttelsprooch hunn an unerkennen, déi jo dann e Stéck vum allgemenge ‚Gesiicht‘ vun hirem Land ass. Dëst Gedankespill passt bei Lëtzebuerg op eng Fassong eran, fir déi mir iwwer d’Grenzen eraus esouguer beneit ginn! Eis Sprooch ass nun emol e Stéck vun deem, ‚wat mir wëlle bleiwen‘… an d’Lëtzebuerger hunn sech trotz allergréisste Geforen un dat Stéck „MIR WËLLE BLEIWE WAT MIR SINN“ 1941 gehal! Dat däerf, bei allem Verstessdemech fir kabaretistesch Intelligenzturnereien net vergiess ginn.

Duerch eis eege ‚kleng‘ Sprooch‘ si mir  einfach – op eng Europa-eemoleg Fassong! – forcéiert, äis ganz fréi an zwou aner grouss Kultursproochen eranzeschaffen, ee Gléck! Mat ‚eisem‘ Däitschen a Franséischen entsteet dann och nach e wonnerbare Fong fir d’Weltsprooch Englesch, wéi e wierklech net besser kënnt sinn… a bleiwe wéi en ass!

Firwat solle mir an dëse Wochen net emol drun denken, wéi, bis 1867, mat Lëtzebuerg gespillt guff wéi bei de Kanner am Schoulhaff mat de Jicken (Bueteren, Mierwelen…); op d’Fassong ‚Wer hat noch nicht, wer will noch mal?‘ Deemools war seng Zort Houfert fir de ‚Lentze Misch‘ keen Zoufall an net falsch, wéi hien 1859 den éischten Zuch hei mat engem patriotesche Refrain begréisst huet; mat ‚Nationalismus‘ hat et näischt ze dinn, datt deen héige Regierungsbeamten am Fong geholl seng Angscht a Verse vu bieden a biedele gesat huet… hien huet wéi knapps ee gewosst, watfir eng Lompe wou a bei wiem giffe sténken! Wien dem Rodange säi Reenert zerguttst liest a bedenkt, dee fënnt – genee an deene Joeren, ower op eng aner Manéier – déiselwecht Suerg fir eise kleespere Grand-Duché; de Reenert ass just rondrëm d’Joer 1867 vun deem fatalen ‚Traité‘ vu London entstan! Wat wiere mir dann haut? E Motz- oder Stëbseck vun eise südlechen a westlechen Noperen…a wiem seng ‚Frontalierë‘ wiere mir dann. Gitt déi formidabel Expo op Dräi-Eechele kucken!

Och un de Referendum vun 1919 iwwer d’Form vun eisem Land däerf ee vläicht e puer Gedanken hänken… an e klenge Merci fir déi hunn, déi deemools fir d’Land riichtgestan hunn; dofir brauch een net onbedéngt den Historiker erauzekéieren. Et huet och näischt mat deem ‚richegen‘ Ausdrock vun ‚Nationalismus‘ ze dinn, wann op eisem Nationalfeierdag dru geduecht (erënnert) gëtt, wéi mir äis mat deer immenser Majoritéit am 2.Weltkrich mat Angscht, Doud a Leed ‚geschéckt‘ hunn. Eng einfach Fro: Ass dat dowäert, datt mir dee Fändel eraushänken, deen en Zeechen, e SYMBOL fir eise Patriotismus ass… a vu Respekt fir all aner Länner an hir Leit? Jo oder neen?

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.