Eis Sprooch mam Lex RothLecker ?

Dat kënnt dir am ganze Geschreifs an eiser Sprooch vun Ufank u siche goen…bis déi däitschsproocheg TV-Statiounen d’Land mat hire Reklammen a Kichekuedereien iwwerschwämmt hunn : Dir fannt weder eppes ‚Leckeres‘ nach eppes, dat ‚lecker‘ soll gewiescht sinn. Natierlech guff nach ëmmer hei ‚geleckt‘, esougutt eng Glace wéi en Teller, op deem et virdrun zerguttst geschmaacht hat. Op deem méi graffe Gebitt ass dat ‚Lecken‘ och op zeg Manéieren am Gebrauch gewiescht…mä net am Sënn vun eppes, dat einfach gutt schmaacht! Méi genee: wann, dann ëmmer nëmmen als VERB, ni als ADJEKTIV!

Natierlech kënnt elo d’Fro, wéi mir dann hei mat deem Begrëff ëmgaang sinn. Am Fong ass et haut einfach: Et gëtt jo fir bal alles ‚SUPER‘ ( wann net esouguer ‚genial‘) gesot, wat extra gutt ass; dat kënnt een dann och aplaz dat wierklech onnéidegt ‚lecker‘ huelen…ower et hätt net onbedéngt mam Geschmaach ze dinn.

An der Zäit, esou an de 70er Joeren hat sech nach esou e muttwëllest Wuert vun deer ‚anerer Säit‘ hei erageschmuggelt: Nascheler-naschelen-nascheleg, wat alt erëm däitsch war, ower soss ni hei am Gebrauch. Den Tunn Deutsch – iwregens zënter dem Kolléisch an der Arméi e flotte Komerod – huet  et dann och mat eran an d’Publicitéit um Radio geholl…a scho war d’Bëtschel fett. Hie war ower guer net buuschteg, wéi ech him gesot hunn, hie soll dat ‚Genaschels‘ ënnerwee loossen. Mä logescherweis koum dann d’Fro, wéi mir da soss dofir solle soen…dat guff dann eng intressant Geschicht, déi iwregens bis haut dauert!

Well déi ‚pickeg‘ Geschäftsgesellschaft no engem Numm fir hir Delikatesse-Branche gesicht huet, ass  d’Saach un d’Rulle komm. De grousse Patron dovun, bei deem ech an de fofzeger Joeren dacks an der Aler Avenue en tiptop geréischterte Kaffi fir mat heem kaaft hunn, hat e gutt Häerz fir eis Sprooch, deem mir dann en Numm ze verdanken hunn, deen haut uechter d’ganzt Land bekannt ass. Leider guff d’Schreifweis 1990 net ugepasst, wéi en etlech Vereinfachungen an der Orthographie fir d’Lëtzebuerger Sprooch gemaach si ginn: de SCHNÉKERT…deen Am Fong SCHNEEKERT misst geschriwwe ginn. Et däerf een sech ower roueg froen, ob d’Schreifweis méi wichteg ass ewéi d’Wuert selwer: et ass den Ausdrock, deen zielt. Dobäi kënnt nach, datt dat ‚Dingwuert‘ net eleng ass, mä och nach anerer, e Verb an en Adjektiv, nieft sech huet, also SCHNEEKERT, SCHNEEKEREIEN, SCHNEEKEG, SCHNEEKEN…da sot emol, mir hätten onbedéngt LECKER néideg!

Plazeweis guff et nach en Ausdrock, dee grad esou ‚EISES‘ war/ass wéi dat ‚Geschneeks‘: GESCHMÉICHEG; dir fannt deen iwregens a Gedichter vun der Mame Jeanin Theis-Kauth, déi eng apaart Nues fir eis Sprooch huet. Hei si mir ower bal am Nidderlänneschen dran, well do geet rieds vu ‚smakelijk‘.

Et kann een och an dësem Zesummenhank un eng aner Wuert-Grupp denken, déi typesch fir d’Lëtzebuergescht ass: Gloscht – glëschtereg – glëschteren…a firwat net dat liicht méi grafft ‚Gladder‘– ‚gladdereg‘ – ‚gladderen‘…wat och erëm net wäit vun eisem onverwiesselbare ‚glott‘ ewech ass.

Domat wiere mir bei enger Fassong, fir sech e bësse méi genee mat eiser Sprooch ofzeginn: dat sinn déi sougenannt ‚Wuertfelder‘ iwwer bestëmmte Situatiounen. Denkt emol u Verben, déi mir beim ‚Iessekascht kënnen héieren/gebrauchen: knaen, knätschen, schluppen, grätschen, läffelen asw., iwregens eng giedeleg Manéier, fir Auslänner eiser Sproochelementer op méi eng ‚labber‘ Fassong méi no ze bréngen.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.