Eis Sprooch mam Lex RothEise Fändel …

…huet näischt mat deem iwwerdriwwenen, klengkarréierten an deelweis geféierlechen NATIONALISMUS ze dinn, deen der e sëllechen sech op eng vill ze spatz Staang hänken. Wann een hinnen iwregens eng Grimmel iwwer Lëtzebuerg an seng Geschicht op den Zant fillt, da komme just Onwëssen an Hiermiddegkeeten eraus. Eise Fändel ass kee Symbol vun Nationalismus! Verstännege PATRIOTISMUS däerf jidderee roueg hunn, deen op seng Heemecht hält; dee war och de Fong vun deer Resistenz, déi d’Lëtzebuerger  den Nazien ënner Liewesgefor op d’Fratz gehäit hunn!

Eis „Tricolore“ huet och net déiselwecht historesch Vergaangenheet wéi dee Fändel, op deen d’franséisch Noperen esou houfreg sinn; hien huet och net d’Bedeitung vum amerikanesche ‚Star spangled banner‘ oder d’Symbolik vum britesche ‚Union Jack‘. De Lëtzebuerger Fändel ass en Zeeche fir en Doheem… dat äis an de Generatioune vu virdru mengerwärreg net einfach esou op déi 2 600 km2 gefal ass… den Nationalfändel ass souzesoen de ‚Logo‘ vun eisem Staat deen am 19. an 20. Joerhonnert méi ewéi eng Kéier a Gefor war, fir eng Zort Biischteschaf oder Spëndche vu Frankräich oder der Belsch ze ginn…



stellt iech emol och nëmmen eng Minutt vir, wuer d’Lëtzebuerger am ëmgedréinte Fall da genge schaffe goen, a woufir dat nun emol net esou ass. Mä, gelldir, et geet äis jo gutt; firwat solle mir äis Gedanke maachen; firwat e Fändel ophänken? Dat huet also nach Zäit… bis datt et vläicht verbuede gëtt. E schéine laténgesche Saz: Videant consules, ganz fräi iwwersat: Da kucke mer alt emol.

Vläicht intressant: An den 90er Joeren hate mir d’Presidenz vun der EU; dat heescht, datt de Lëtzebuerger Vertrieder an engem EU-Aarbechtsgrupp och President vun der Sëtzung zu Bréissel war. Esou krut äre Schreiwer d’Geleeënheet, am Grupp ‚Press‘ seng Meenung iwwer eng kleng Publicitéit fir d’EU op engem ronnen Auto-Collant ze soen; do ware kleng Meedercher drop, déi an hiren Nationalfaarwe sech d’Hand ginn hu fir ze danzen.

Zwee dovun haten déiselwecht Faarwen, an ech hu gefrot, watfir eent elo déi lëtzebuergesch Modi wier, well dat ‚Donkelblo‘ wier hollännesch a fir Lëtzebuerg net richteg; d’Äntwert vum franséische Kolleg: dat wier jo net wichteg. Ech hunn him gelount, da kënnte mir jo och Orange aplaz rout an hirer Tricolore huelen. „A non, mon cher; notre bleu-blanc-rouge est strictement légalisé!“ –« Je veux bien, cher ami, mais alors notre bleu-azur le sera aussi…et pour ce cas échéant, notre poupée portera ce bleu-là, sinon, je ne serai pas d’accord ». De Frënd Paul Cerf, deen als administrative Beamte bei deer Saach war, huet gegrinzt a mir Recht ginn…an d’Saach och duerchgezun. Zënterhier gëtt et op der ganzer Welt kee Lëtzebuerger Fändel méi mam ‚bleu-de-Prusse‘; de Jacques Santer huet duerno dann och d’Gesetz iwwer eis ‚emblêmes nationaux‘ op de Wee geschéckt… domat ass eise Fändel legal ‚ënnert der Hauf‘. Dat Gerëffels vun herno, ob d’Tricolore oder dee gesträifte Fändel ‚offiziell‘ wier, huet de Jean-Claude Juncker ‚salomonesch‘ geléist: allgemeng gëllt den einfache ‚rout-wäiss-bloe‘ Fändel, an deen anere mam Léif als dee vun der Arméi an der Schëfferei.

Wann dir nach kee Fändel fir den Nationalfeierdag sollt hunn: Kuckt am Telephonsbuch ënner ‚drapeaux‘…a genéiert iech net méi ewéi ‚eis‘ Portugisen, déi fir deen Dag hire mat eisem Fändel esou sympathesch zesummen eraushänken!

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.