Eis Sprooch mam Lex RothWou bleift de gudde Wëll?

Et gëtt ewell zënter 3 Chamber-/Legislaturperioden dru geschafft, fir eiser Constitutioun/Verfassung e méi ‘modernt’ Gesiicht ze ginn. Natierlech ass beim Grondgesetz vu jidfer Staat net nëmmen all Artikel, mä all eenzele Saz, esouguer e Wuert oder d’Plaz vun engem Ponkt, engem Komma oder ‚Semikolon‘ alias ‚Stréchponkt‘ wichteg. D’Verfassungsrecht ass e komplizéierten Deel vun der Juristerei…mä et kann een och all eenzel Ierbes auserneenhuen, iert een se fir den Ierzebulli gebraucht. Wichteg ass jo, datt e Verfassungselement net wéi en ‚einfacht‘ Gesetz kann duerch d’Chamber gebaatscht ginn, datt et do ‚Bremse‘ gëtt. Mä an der Praxis ass et esou wéi am Sproch: Zevill an net genuch, dat si keng Moossen!

Op d’Propos vun engem fréiere Minister, deen alles wéi kee Jurist war/ass, guff an der Zäit decidéiert, eis Constitutioun ‚de fond en comble‘ op de Leescht ze huelen, also vum Keller bis op de Späicher. Gutt gemengt, ower an der Praxis eng Abberzuel ouni Enn. Ganz realistesch ass dat net onbedéngt.

Fir eppes un der Constitutioun ze ännere muss eng ‚absolutt‘ Majoritéit vun den Deputéierten averstane sinn, fir  dee Plang an engem spezielle Gesetz fir e Referendum vum Vollek op de Wee ze schécken; ‚absolut‘ heescht hei op d’mannst 2/3, also 40 Stëmme vun de 60 Deputéierten…déi huet d’Regierungsmajoritéit, mat hirer ‚relativer‘ Majoritéit,  ower den Ament net; also muss d’Oppositioun fir bis bei déi 40 Stëmmen och mat d’accord sinn. Maja, an?

Et kënnt ee bal soen NIXDEGIBBI…hei weist sech , wéi klengkarréiert Parteigerëffels eng verstänneg Léisung blockéiert. Déi gréisst Oppostiounspartei mécht einfach net mat. Hir Ursaache gehéieren net an dësen Artikelchen; eist Bedaueren, wat d’Sprooch ugeet ower ganz bestëmmt! Mir wëssen zum Beispill, datt d’Spezialcommissioun fir Verfassungsännerungen sech iwwer de Constitutiounsartikel iwwer d’Sprooch vum Land ewell laang eens ass, grad ewéi iwwer aner Elementer, déi net onbedéngt un de Wuerzele vun eisem Staat rappen, un de sougenannten ‚droits régaliens‘. Do wier dann ower mat e bësse guddem Wëll eng Léisung ze fannen. Et steet néierens, datt d’Constitutioun ‚en bloc‘ muss an e Referendumsgesetz kommen!

Mir hunn dat anert Joer ‚normal‘ Chamberwahlen. Fir déi mussen all Lëtzebuerger hir Stëmmen ofgin. Dann däerf een sech froen, ob net eenzel Artikele vun eiser Verfassung fir deen Dag mat um Stëmmziedel ‚referendär‘  eng Plaz kënnte fannen. Dat ass just eng Fro vu guddem Wëll vun eisen Deputéierten…ower wat heescht dat, wann den éierleche gudde Wëll vu parteipolitescher Verbruetheet ermëlzt gëtt? Natierlech ginn elo allméiglech – vrun allem onméiglech – Ursaache mat den Hoer erbäigezun. Dat ass schued a schwätzt géint jidfer verstännege…gudde Wëll! Et muss och keen äis wëlle wäissmaachen, esou eppes wier eleng wéinst der Zäit net méi méiglech. Och dat stëmmt net!

Et gi kéipweis an iwwer all(on)méiglech ‚Froen‘ an der Chamber gestallt. Ass eis Sprooch et net dowäert, datt eis Deputéiert, iwwer all Parteigemëlters eraus, gefrot ginn, ob si wëlles wieren…gudde Wëll ze weisen?

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.