Eis Sprooch mam Lex RothDen "Nannets-Méchel" vu Bëlleg

Dat war de leschte Sonndeg eng wonnerléif Feier fir dem Michel Rodange säin 190. Gebuertsdag zu Waldbëlleg! Et kann een deene Leit, déi dat organiséiert hunn, nëmme gaaaaaaaanz fest ‚klécken‘. Apaart de President vum ‚Conseil permanent pour la langue luxembourgeoise/CPLL‘, de Professer-Attaché Marc Bartelemy, hat sech ferm an d’Sträng gehäit, fir datt dat Element Ausstellung fir d‘Fest soll geroden (net geléngen !)…déi ass iwwregens nach bis Enn där anerer Woch an der Bëlleger Sportshal ze gesinn. Sou e sëllechen iwwer de Rodange, seng Famill, säin Duerf a seng Zäit ass nach knapps eng Kéier beienee gewiescht. Eng Dose mol Bravo!

Loosst mer emol nach eng Kéier drun denken, a watfir enger Zäit ‚eise‘ Reenert geschriwwe ginn ass, wéi et sozial a politesch ausgesinn huet. Wien sech keng Gedanken doriwwer kann/wëllt zesummelammelen, fir dee bleift de Reenert just eng léif – wann och genial – Déieregeschicht…ower op jidder Fall e Monument vun eiser Sprooch a fir d’Lëtzebuergescht!

Ee Gléck hu vrun exakt 90 Joer Leit wéi de Professer Joseph Tockert an säi Kolleg Nic. Welter dem Michel Rodange seng 3 Kanner, déi nach 1927 gelieft hunn, deemools als ‚Zeie‘ fir hiren dichtege Papp kënnen Eenzelheeten iwwer hie froen. Dat waren den Albert an seng zwou Schwësteren, gelungenerweis kee vun hinne bestuet…also guff et keng Kandskanner vun eisem Dichter; déi direkt Famill vum ‚Nannets Méchel‘ war domat op en Enn.

D’Original vum ‚Reenert‘, de Manuskript, schéngt definitiv net méi opzefannen ze sinn…‘schéngt‘. Dem Dichter säin eegent Buchexemplar mat sengen handschrëftleche Verbesserungen a ‚Bäigeflécks fir eng zweet Editioun ass ower erhal a läit an senger Fra hirer Famill zu Stroossen…mol kucken. Duerch en décken Zoufall huet d’Actioun-Lëtzebuergesch d’orignal Handschrëft vum Rodange sengem leschte laange Gedicht („dem Léiweckerche säi Lidd“) iwwer Ëmweeër konnte retten: den deemolege Chef vun der Nationalbibliothéik, Gilbert Trausch, huet et fir en zimlech gepefferte Präis bei Bekannte vum Belairer Paschtouer Gevelinger opkaaft an a Sécherheet bruecht! Nach haut dofir en éierleche Merci! Mir haten dovun en herrlech-exakte Facsimile drécke gelooss, vun deem et nach ganz rar Exemplare gëtt…fir 75 € kann een nach eent iwwert den Telefon vun eiser Aktioun erwëschen.

Sech fir dem Rodange seng Zäit, säi Liewen an säi Reenert intresséieren, ass en Hank fir eis intressantst Geschichtsmomenter. D’Buch ass 1872 erauskomm…et guff also an deene Jore virdru geschriwwen (net vergiessen: a Versform!), wou eise Grand-Duché nach net emol e Villche fir dat Gekueders war, dat sech fir 5 Millioune Goldflorins domat ‚ameséiert‘ huet, den Oranier-Wëllem III. an den ‚Naboléon III., wéi de Victor Hugo hien (och zu Veianen!) genannt huet. D’Schreiwe vum Reenert fält hoergenee an d’Period vum Londoner Traité, vum Ofrappe vun der Festung an dem ‚70er Krich‘ tëscht Frankräich an de Preisen; am Fuusse-Buch fanne mir ganz däitlech Wierder a Gedankegäng doriwwer…et ass emol net gesot, datt d’Iddi vum Reenert‘ deem intelligent-intresséierte Bëlleger ‚Schoustesch-Jong‘, Schoulmeeschter a ‚Kantonalpiqueur+/- Kondukter net an deenen Ëmstänn hir Wuerzele sollt kënnen hunn.

An déi, fir eist Land existenziell Zäit, fält also d’Enstoe vun eisem ‚klasseschste‘ Wierk an der Lëtzebuerger Sprooch. Den Dicks an de Lentz hu – mat Recht – hiert Monument op der Plëssdarem. D’Fro däerf ee stellen, ob et mam Fiisschen um Knuedler fir de Rodange, dee gréisste vun hinnen, duergeet…


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.