Eis Sprooch mam Lex RothLëtzebuergesch“ am 13. Joerhonnert?

Probéiert emol dees Däitschen, Engleschen oder Franséischen aus dem +/- 13. Joerhonnert um Internet ze fannen an ze liesen. Souguer wann dir et e bëssen entziffere kënnt: Dir verstit…näischt! Eréischt 3-4 Joerhonnerte méi spéit gëtt et do fir den normale Stierfleche méi ‚hell‘.

 

Dat gëllt natierlech och fir dat sougenannt ‚Lëtzebuergescht‘, deem mir an der Liewensgeschicht vun der Gräfin Yolanda vu Veiane solle begéinen, déi de Brudder Herrmann vu Veldenz am 13. Joerhonnert opgeschriwwen huet. Dat gutt Meedche wollt näischt vu Männer wëssen an huet sech am ‚Märjendall‘ an d’Klouschter gerett. Hir ‚Vita‘ huet dann e Mann vun deer wierklech ganz anerer Säit vun der Musel opgeschriwwen, do, wou och haut nach eppes geschwat gëtt, dat alles wéi kee Lëtzebuergesch ass. Iwregens war deen Text ewell an den drësseger Joere bekannt an och deelweis photographéiert a publizéiert ginn (‚Heemecht‘); duerno ass näischt méi vum Original ze gesin an ze héiere gewiescht…bis de Wëssenschaftler Dr.Guy Berg <d’Yolanda> an der Bibliothéik vun den Ansebuerger Grofen erëmfonnt huet, also no beim Mariendall. Dofir heescht en dann och nach „Codex Mariendalensis“ , wat en ower nach net méi ‚lëtzebuergesch‘ mécht. Ewell viru 85 Joer hu sech (dichteg!)Leit wéi Nik.Welter an Nicolas Margue ( an haut deem seng Famill) iwwer dee sougenannten éischte Lëtzebuerger Text zermeeschtert. Wat eiser Sprooch vun haut an u sech rosewéineg bréngt.Deemools hunn d’Ëmstänn dat ower matbruecht.

 

Wien huet da vrun 800 Joer ‚Lëtzebuergesch‘ geschwat? Déi ‚Déck‘ ganz sécher net; op deenen hiren Häff war dat deemolegt Franséischt Tromp. Wie liesen a schreiwe konnt, huet sech d’meescht och nach mat Latäin ofginn; Kiercheleit souwisou. Wat d’Vollek geschwat huet, war ganz bestëmmt dees näischt…an ass ganz sécher vu kengem opgeschriwwe ginn. Iwregens huet vru ronn 500 Joer de Martin Luther och eréischt ‚dem gemeinen Volk aufs Maul geschaut‘ an eng gewësse ‚Sproochuerdnung‘ tëscht Dosende vu germaneschen Idiome fir seng Bibeliwwersetzung gemaach…op deer dat Hou-Däitscht vun haut gewuess ass. Mä déi ‚Lutherei‘ ass aus kierchleche Grënn och alt net bis bei ‚äis‘ komm; Protestante sinn et jo bekanntlech knapps hei ginn.

 

Wou kënnt d’Lëtzebuergescht dann elo hier? Déi Fro geet emol net op en Hee-Won. Et war an ass  e germaneschen Idiom, sou wéi all Sproochen, déi rondrëm dat gebraucht ginn, wat mir haut Däitschland nennen. Nidderlännesch, Dänesch asw. sinn ower geschriwwe ginn, an hunn sech dofir och anescht entwéckelt; do guff et och e kulturellt Liewen, un dat jo hei an ‚eisem‘ Eck net ze denke war…wat vläicht ower och eng Chance gewiescht ass, fir de romaneschen Elementer vun eiser Sprooch eng Partie ‚Maislächer‘ opzemaachen an ze loossen…net ze vergiessen, wat sech joerhonnertelaang  alles vu ‚Friemen‘ hei erëmgedriwwen huet…dat guffe Spuren!.

 

Wann et ëm dat Schrëftlecht vu Lëtzebuergeschen hei soll goen, da fält äis keen Zack aus der Kroun, wa mir – bis op en etlech folkloristesch Ausdréck an notariellen Akte vu virdrun – am Ufank vum 19. Joerhonnert op d’Sich ginn. Esouguer wann géint 1820 e butzegen Artikel op ‚Lëtzebuergesch‘ an enger Zeitung gestan huet, bleift dem Tunn Meyer (deen aus der Dräikinneksgaass/N°3) säi ‚Schréck op de Lëtzebuerger Parnassus (1829)‘ deen éischten an däitlechen Zeie fir eis Sprooch, den Ufank vun enger gelleger Explosioun! Dat hat seng Ursaachen. Deelweis gëllen déi nach haut!

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.